Night Rider & Nightlifebus

WAT ASS DE NIGHT RIDER?

De Night Rider ass an individuellen Nuets Bus service, ouni festgeluechten Arrêten an ouni fixen  Horaire. Verlässlech a sécher an ouni mussen e Parking ze sichen, gitt Dir vun doheem aus bis op d’Plaatz vun ärem Choix bruecht. Dëse Service funktionéiert fir d’ganz Land awer just weekends vun 18.00 Auer bis 5.00 Auer moies.

WAT SINN D'AVANTAGEN?

Online Reservatioun: Dir kënnt är Fahrt online bis zu 1 Stonn am Viraus online buchen. Dat eenzecht wat dir dofir musst hunn ass eng gülteg Night Card, eng Kreditkaart oder Digicash. Wann är gesichten Zäit ausgebucht ass, da proposéiert de Site Iech automatesch eng Alternativ.
De Pick-up SMS: Schlecht Wieder- oder Verkéiers Situatiounen an /oder aner gebuchte Fahrten kënnen emol de genauen Horaire ëm +- 10 Minutten verschiben. Dofir kritt Dir ëmmer 10 Minutten virum deem de Bus do ass e Pick-up SMS, fir dass Dir genau wësst wéini genau de Bus ukënnt.
Den Tarif Modell: De Präis vun enger Night Rider Fahrt hänkt ëmmer vun der Distanz an net vun der Unzuel vu Persounen (max 8) pro gebuchte Fahrt of. Et gëtt ëmmer déi kierzte Fahrt berechent, och wann de Wee emol e bësse méi laang kéint ginn wéinst anere gebuchte Fahrten, also ëmmer nom Motto : wat méi Persounen pro gebucht Fahrt wat méi bëlleg.

WEE KA WOU ENG NIGHT CARD KREIEN?

All Awunner vu Niederanven tëscht 16 a 25 Joer kann eng Night Card fir 40€, all Erwuessenen ab 26 Joer fir 80€ d’Joer kafen. Fir eng Night Card ze kréien braucht Dir iech just un d’Gemeng ze wenden.

WAT KASCHT ENG FAHRT  WANN EEN ENG NIGHT CARD HUET?

Fir all déi déi eng Night Card hunn bezilt d’Gemeng Niederanven den Transport bis zu 40€. Alles wat driwwer geet gëtt vun der Gemeng a Rechnung gestallt. Déi eenzeg Konditioun ass dass entweder d’Ofhuel Adresse oder d’Ziladresse um Territoire vun der Gemeng Niederanven leien *
All reservéiert Fahrt, déi net ugetrueden oder min 2 Stonnen am Viraus ofgemellt gouf gëtt och vun der Gemeng un Iech verrechent.
Wann Dir an de Bus klammt, da vergiesst net dem Chauffer är Night Card ze weisen.
* Niederanven, Oberanven, Hostert, Ernster, Rameldange, Senningen, Senningerberg, Waldhof

KEEN INTERNET? KEEN PROBLEM!

Dir kënnt ganz einfach är Night Rider Fahrt per Telefon buchen op der Hotline 900 71 010 (3 Cent/min) Méindes bis Donneschdes vun 8.00Auer bis 18.00 Auer a Freides bis Samschdes vun 8.00 Auer bis 5 Auer moies de nächsten Dag.

Dépliant Night Rider Niederanven

De Nightlifebus

Dës 1. Buslinn am Land déi och nuets funktionéiert ass den 30.Abrëll 1999 hei an der Gemeng Nidderaanwen ageweit ginn.

Vun do un erfreet sech dëse Service enger grousser Popularitéit an transportéiert all Weekend tëscht 100 an 150 jonk a manner jonk Persounen. All Duerf vun der Gemeng gëtt bedéngt an eng regelméisseg Korrespondenz mam City-Night-Bus gëtt et och.

De Bus fiert vu Freides bis Samschdes all Stonn vun 23h30 Auer un. An der Nuecht ass dee leschten Départ um 3h30 Auer an der Stad.

De 14. März 2003 huet de Buergermeeschter Raymond Weydert de 25.000sten Client vum Nightlifebus konnte begréissen. Zanter dem 1. November 2004 ass d’Zuel vun de Clienten wäit iwwer 40.000 geklomm.

D’Gemeng offréiert och Bussen déi op grouss Fester oder Manifestatiounen an d’Stad fueren, wann da keng normal Linnen disponibel sinn. Dat ass de Fall z.B. um Virowend vu Nationalfeierdag, wann de Rock-um-Knuedler stattfënnt oder awer och fir op d’Schueberfouer ze fueren.

 

NLB Niederanven - Vendredi + Samedi