Maart
Wëllt Dir Leit begéinen oder braucht grad frëscht Geméis, e klenge Kaddo, eng gutt Schlupp oder eppes fir d’Mëttegiessen ? Ma Dir braucht net wäit ze lafen. All dat fannt Dir op eisem Maart. Mir wäerten Iech mat Iessen a Gedrénks verwinnen an Iech saisonal a virun Allem artisanal Iesswueren oder soss Produkter ubidden.
MAACHT ET EWÉI FRÉIER A KOMMT OP DE MAART!
WÉINI?
All 1. Méindeg am Mount vu 15h00 an 19h00
WOU?
Um Parking tëschent der Caisse Rurale Raiffeisen an dem Jugendhaus, direkt un der Tréierer Strooss a mat genuch Parkméiglechkeeten.