Léif Elteren, léif Schüler.innen,
D'Museksschoul Nidderaanwen ass eng Plaz, wou d'Musek d'Mënsche vun all Alter verbënnt, egal aus wéi engem Land si kommen oder wéi eng Sprooch si schwätzen. Se zeechent sech duerch Kollegialitéit tëschent all de Bedeelegten, a virun Allem duerch dat generatiounsiwwergräifend Zesummeliewen aus.
D'Musek duerchdréngt d'Liewe vun engem Eenzelnen a begleet Iech mat all hirer Villfalt an Ärem Alldag.
D'Museksschoul Nidderaanwen bitt den Awunner aus der Gemeng Nidderaanwen, ob Kand, Jugendlechen oder Erwuessenen, d'Méiglechkeet, seng musikalesch Talenter ze entdecken, andeem si d'Musek erliewen, sangen oder e Museksinstrument léieren.
D'Sangen oder d'Spille vun engem Museksinstrument, onofhängeg vun Alter oder Kënnen, dréit zu Ärem kierperlechen an emotionale Wuelbefannen, sou wéi zur Entwécklung Ärer Perséinlechkeet bäi. Et hëlleft, Emotiounen ze kontrolléieren, d'Selbstvertrauen an d'Selbstwäertgefill ze erhéijen an den deegleche Stress ze reduzéieren.
Alles an Allem ass d'Praktizéiere vu Musek fir jiddereen eng eenzegaarteg Erfarung an eng universell Sprooch, déi eis zesummebréngt!
« La musique peut changer le monde car elle peut changer les gens. » (Bono Vox)
Michelle Bingen
D'Madamm Roberta Dario ass fir d'Locatioun an den Entretien vun de Museksinstumenter zoustänneg (nëmme Blosinstrumenter, Hautboisen/Bassonen exclus).
DARIO Roberta
T.: 34 11 34-35
E.: roberta.dario@niederanven.lu
Säit 2015 iwwerhëlt d'Gemeng Nidderaanwen de Rôle vun der commune coordinatrice vun der regionaler Struktur ,,Museksschoul Syrdall'' fir de konventionellen, mee och den administrative Volet an dëst an Zesummenaarbecht mat der Museksschoul UGDA. An dëser regionaler Struktur si mat der Gemeng Nidderaanwen, d'Gemenge Bous-Waldbriedemes, Conter, Fréiseng, Réimech, Sandweiler, Schëtter a Stadbriedemes zesummegeschloss.