Invitatioun – Visitt vun der Offallverbrennungsanlag SIDOR zu Leideleng
08.11.2025
Datum: Samschdes, den 8. November 2025
Depart: 9:00 Auer beim Centre Loisirs „Loisi“ am Sand zu Ueweraanwen
Mir invitéieren Iech häerzlech op eng spannend Visitt vun der Offallverbrennungsanlag SIDOR zu Leideleng. Dës Aktivitéit bitt eng eenzegaarteg Geleeënheet, fir méi iwwert d’Behandlung vun eisem Offall ze léieren an ze entdecken, wéi mir als Gemeng zu enger méi nohalteger Zukunft bäidroe kënnen.
Programm
• Bustrajet mat Erklärung
Wärend dem Bustrajet gëtt de Jeannot Schroeder, Klimapaktbeoptragten vun der Gemeng Nidderaanwen, Iech Informatiounen zum neien Taxenreglement an zu zirkuläre Strategien, déi hëllefen, Offall ze reduzéieren.
• Visitt bei SIDOR (géint 10:00 Auer)
Mir kréien en Abléck an de Verbrennungsprozess vum Offall an d’Funktioun vun der Anlag.
Wichteg: Séchert Schongwierk ass obligatoresch wéinst Trapen a Passerellen.
Casquen ginn op der Plaz zur Verfügung gestallt.
• Mëttegiessen (géint 12:00 Auer)
E leckert Anti-Gaspi-Mëttegiessen, zerwéiert vum Naturteam am Loisi, erwaart de Grupp.
Umeldung:
Bis den 31. Oktober 2025 iwwer de Formulaire en ligne.
Fir weider Froe sti mir iech zur Verfügung: Christiane Bour – Telefon: 34 11 34 – 43 | Tamara Schuster – Telefon: 34 11 34 – 45