Voices for the planet Festival & Concert "Let's change the rules"
05.07.2025

CELL, de Bauerhaff Kass-Haff an de Gesangsensembel Jubilate Musica invitéieren op VOICES FOR THE PLANET
E festlechen Dag fir d’Liewen ze feieren an d’Leit fir d’Thema Ökozid ze sensibiliséieren!
Um Programm:
Atelieren, Animatiounen an Ausstellungen iwwert d’Biodiversitéit (fir Grouss a Kleng)
Iessen a Grill mat Produkter vum Haff
Um 19 Auer: Eenzegaartege Concert "Let's change the rules" mat engem ephemère Chouer vun 300 Sängerinnen a Sänger aus dem ganze Land, zesummegestallt vu Jubilate Musica.
Dëse Concert ass Deel vum internationale Projet “Choirs for Ecocide Law”, eng skandinavesch Beweegung, déi dofir kämpft, datt déi massiv Zerstéierung vun der Ëmwelt (Ökozid) als internationaalt Verbriechen unerkannt gëtt.
De Museksprogramm mam Titel “Let’s Change the Rules” enthält 15 nei Lidder aus de Richtunge Pop, Jazz a Rap, déi speziell vu Komponistinnen a Komponisten aus verschiddene Kulture geschriwwe goufen.
E zweete Concert "Let's change the rules" fënnt de 6. Juli um 18 Auer am LUGA lab Pfaffenthal (Odendahl-Park) statt.