Gemengeliewen
Rare Disease Day 2026 – Mir stinn zesummen!
Verëffentlecht den 28 February 2026
Haut, um Rare Disease Day denke mir un all déi Leit, déi mat enger seelener Krankheet liewe, souwéi och un hir Familljen, Frënn a Betreier, déi si all Dag begleeden an ënnerstëtzen.
Zu Lëtzebuerg an op der ganzer Welt sti vill Mënsche virun Erausfuerderungen, déi dacks onsichtbar sinn, mee hiert Liewe staark beaflossen. Mee seelen heescht net eleng! Als Gemeng hu mir duerch d’Beliichte vun eisem Gemengegebai déi ganz Woch e staarkt Zeeche vu Respekt, Zesummenhalt a Solidaritéit gesat.
Méi Informatioune fannt Dir hei: https://alan.lu/fr/raredisease...
Fotogalerie