Gemengeliewen
Route barrée zu Senneng
Verëffentlecht den 16 February 2026
Mir informéieren, dass d’Rue du Château zu Senneng vum 18. Februar 2026, 08:00 Auer, bis den 20. Februar 2026, 17:00 Auer, wéinst Bëschaarbechte fir den Trafic gespaart wäert sinn.
Buslinnen 325, 327 an de Citybus Nidderaanwen ginn an dëser Zäit ëmgeleet, an d’Awunner si gebieden den Arrêt Senningen Um Kiem ze notzen.
Wärend den Aarbechtszäite (08:00 Auer bis 17:00 Auer) sinn d’Haiser, déi direkt virum Chantier leien, net mam Auto accessibel.
Merci fir Äert Versteesdemech
Dokumenter fir Erofzelueden