Douzelage

Call for participation: Douzelage General Meeting

Verëffentlecht den 11 December 2025
Call-GM-Malta

De 50. General Meeting vum Douzelage fënnt vum 3. bis de 6. September 2026 zu Marsaskala, Malta, statt!

Ënnert dem Thema ,,Zesumme fir eng sécher Zukunft - haislech Gewalt an Ënnerstëtzung vun Affer'', kommen déi 27 Partnerstied vum Douzelage zesummen, fir dës aussergewéinlech europäesch Zesummenaarbecht ze feieren.

Fir eis Gemeng op dësem besonneschen Event ze vertrieden, siche mir nach Delegéierter aus der Gemeng - virun Allem Jonker tëschent 18 an 30 Joer, sou wéi Erwuessener aus dem Bildungssecteur.

Interesséiert? Da schéckt eis bis de 24. Dezember 2025 eng E-mail u communication@niederanven.lu an erkläert eis kuerz, wéisou Dir déi ideal Persoun fir dës Roll sidd.

Dokumenter fir Erofzelueden