Konscht & Kultur

Open call: Foto Expo

Verëffentlecht den 20 January 2025
Foto-OpenCall-Fotoexpo

Nidderaanwen bedeit fir mech...?
Fir e Fotoprojet siche mir Leit aus der Gemeng, déi eis verroden, wat Nidderaanwen fir si bedeit.
Du häss Loscht matzemaachen? Da mell dech bis den 2. Februar per Mail (michelle.bingen@niederanven.lu) mat engem kuerze Saz oder engem Wuert, fir wat d’Gemeng fir dech steet! Villäicht steet däi Portrait am Fréijoer an enger flotter Outdoor-Fotoexpo am Parc de l’Europe.

Projet an Zesummenaarbecht mam Fotoclub Gemeng Nidderaanwen