Vel'OH!

GENEISST DE VEL'OH! SERVICE ELO OCH AN DER GEMENG NIDDERAANWEN

De Service ass 7 Deeg an der Woch a 24 Stonnen den Dag zur Verfügung an erlaabt Iech Iech zu all Moment fräi ze beweegen, an nach méi Zäit ze spueren!

Tatsächlech sinn all Vëloe mat elektrescher Hëllef ausgestatt: wielt de Vel'OH! fir op d'Aarbecht oder  shoppen ze goen, fir an de Restaurant oder fir gemittlech duerch d'Géigend ze fueren.

Entdeckt den neie Vel'OH! System : Et ginn elo 2 nei Statiounen an der Gemeng Nidderanwen, eng "Am Sand" an déi aner um Senningerberg bei der "Charly's Statioun", an awer och méi ewéi 100 Statiounen an de Nopeschgemengen.

D'Virdeeler vu Vel'OH!

Vel'OH! ass modern

D'Ausrüstung vun den neie Vëloen huet sech besonnesch duerch eng technologesch fortgeschratte Ausrüstung geännert. E multifunktiouns Guidon erlaabt et dem Benotzer de Vëlo erauszekréien ouni duerch den Terminal mussen ze goen wann een eng kontaktlos Kaart hunn. En USB Uschloss erlaabt dem Benotzer säi Smartphone wärend senger Rees ze lueden.

Vel'OH! ass einfach

Vel‘OH!, dat sinn nëmme Virdeeler: egal ob  Ënnerhalt, Qualitéitskontrollen oder Reparaturen, mir këmmeren eis ëm alles, fir Iech en ideale Service ze garantéieren! Déi nei Vëloe sinn nach méi bequem, manner schwéier, mat 3 Vitessen an engem upassbare Suedel ausgestattet.

Vel'OH! ass bequem

Iwwer 100 Vel'OH! Statiounen sinn um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg an den Nopeschgemengen disponibel a verbannen och déi verschidde Quartiere vun der Stad matteneen. Dës Statiounen sinn direkt mat der neier mobiler Vel'OH! App verbonnen déi Iech erlaabt matt engem Klick:

  • de Vel'OH! vun Ärer Wiel fräi ze kréien,
  • Äre Kont ze consultéieren,
  • aner Statiounen an der Ëmgéigend ze sichen,
  • d'Disponibilitéit vu Vëloen op deenen anere Statiounen ze gesinn.

Dir kënnt Äre Kont och direkt op der veloh.lu Websäit konsultéieren

Vel'OH! ass sécher

D'Vëloe si mat vireschten an hënneschte Luuchten ausgestatt, fir am Dag an an der Nuecht, souwéi matt vireschten an hënneschte Bremsen. De Plastik iwwer der Ketten vum Vëlo schützt Är Kleeder. Fir d'Sécherheet ze garantéieren, hunn déi nei Vëloen och en Anti-Vol drop.

VERSCHIDDEN ABONNEMENTER

1 Dag - 2 €

Mat dëser Formel profitéiert Dir vun enger onlimitéierter Unzuel u Reesen wärend 24 Stonnen ab der Aktivéierung vun Ärem Ticket.

Déi éischt 30 Minutte vun all Rees si gratis.

Doriwwer eraus: all zousätzlech genotzte Stonn kascht 1 € bis maximal 5 €; iwwer 24 Stonnen Notzung gëtt vun der Kautioun geholl.

3 Deeg - 5 €

Mat dëser Formel profitéiert Dir vun enger onlimitéierter Unzuel u Reesen wärend 72 Stonnen ab der der Aktivéierung vun Ärem Ticket.

Déi éischt 30 Minutte vun all Rees si gratis.

Doriwwer eraus: all zousätzlech genotzte Stonn kascht 1 € bis maximal 5 €; iwwer 24 Stonnen Notzung, gëtt vun der Kautioun geholl.

Laangzäitabonnement - 18 € pro Joer

Abonnéiert Iech un en direkten Zougang zum Service mat enger onlimitéierter Unzuel u Reesen fir 1 Joer.

Déi éischt 30 Minutte vun all Rees si gratis. Doriwwer eraus: all zousätzlech Notzungsstonn wärend 24 Stonnen kascht 1 € bis maximal 5 €; iwwer 24 Stonnen Notzung, gëtt vun der Kautioun geholl.

WÉI KANN EE SECH UMELLEN?

Um Site oder op der mobiler App (all Abonnementer)

Fir en Abonnement ze wielen (d'ganzt Joer oder kuerzfristeg) gitt op d'veloh.lu Websäit oder lued eis VelOH! App erof. Erstellt Äre Kont op enger vun dësen digitale Plattformen, a wielt déi Offer déi Iech am Beschten passt. Sech ugemellt ze hunn heescht déi allgemeng Benotzungsconditiounen akzeptéiert ze hunn. Wann Dir Iech abonnéiert hutt, kënnt Dir e Vel'OH op all VelOH! Statiounen lounen.

Verschidden Statiounen si matt engem Bezuelsystem ausgestatt ( fir en 1 oder 3 Deeg Abonnement)

Domadder kënnt Dir de System probéieren eher Dir e Jores Abonnement wielt oder fir eben just sech punktuell ze déplacéieren. Dofir ass de Kuerzzäit Ticket ideal.

Dir kënnt en 1 oder 3 Deeg Ticket iwwer d'Vel'OH! App kréien awer oder op enger vun den 10 Vel'OH Statiounen matt Ärer Bankkaart bezuelen, andeems Dir dem Menü vum Terminalbildschierm follegt, e Kuerzzäitabonnement kaaft an e geheime Code wielt. An dësem Fall kritt Dir en Ticket mat enger Nummer, déi Dir virun all Locatioun musst aginn.

Locatiounsbedingungen

Den Vel'OH! ass zougänglech fir all Leit iwwer 14 Joer (minimum Gréisst vun 1.50m obligatoresch). Dir hutt 24 Stonnen Zäit fir de Vëlo zréckzeginn. All Zäit iwwer 24 Stonnen Notzung gëtt vun der Kautioun gehol. Préift ob Dir eng Haftschutzversécherung hutt, well déi ass obligatoresch.

Hutt Dir nach eng Fro? Da kontaktéiert eis!

Eis Beroder stinn Iech gären zur Verfügung um Tel. : 27888746

Méindes bis Freides 8:00 Auer bis 22:00 Auer,

Samschdeg vun 9.00 Auer bis 22.00 Auer, a

Sonndeg a Feierdeeg vun 9.00 Auerbis 19 Auer