Tour du duerf

JIDDEREEN OP DE VËLO! VUM 10.09. - 30.09.2022

Vum 10. September un organiséieren de Klimabündnis Lëtzebuerg an de Ministère fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten d’Vëloscampagne TOUR du DUERF, an eis Gemeng mécht erëm mat!

D’Ziler vun der Campagne sinn et all Bierger:innen iwwer de Gebrauch vu Vëloen am Alldag ze sensibiliséieren an d’Thema vum Vëlogebrauch a Gemengeréit ze bréngen. Lokal Politiker:inne sollen „erliewen“ wat et heescht mam Vëlo an hirer eegener Gemeng ze fueren an da Moossname fir Verbesserungen ëmzesetzen. D’Membere vum Gemengerot an de berodende Kommissioune fueren an Teams, zesumme mat aneren Awunner aus der Gemeng. Bannent 21 Deeg sammelt Dir esou vill Vëloskilometer wéi méiglech fir Äert Team, individuell oder an engem Grupp. Schoulklassen, Veräiner, Organisatiounen, Firmen, asw sinn och häerzlech invitéiert hir eege Gruppen ze maachen.

All Participant dréit seng klimafrëndlech Kilometeren engem Online Vëloskalenner op www.tourduduerf.lu an. Déi bescht Equippe op der Plaz gi vun eiser Gemeng ausgezeechent. De Ministère fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten an de Klimabündnis Lëtzebuerg zeechnen déi bescht placéiert Gemengen aus.

Wie ka matmaachen?
• All Membere vum Gemengerot & Berodungskommissiounen;
• All Awunner;
• All Persoun, déi an der Gemeng schaffen, zu enger Associatioun gehéieren oder do an d’Schoul ginn.

Wéi kann ech matmaachen?
Op www.tourduduerf.lu kann een sech aschreiwen, an eng bestoend Equippe bäitrieden oder een neit (Enner)-Team grënnen. Duerno geet et da just nach ab dem 10. September op de Vëlo a gëtt een online seng Vëloskilometer un. Méi einfache geet et nach mat der TOUR DU DUERF/STADTRADELN App (fir Android & iOS). Participanten ouni Internetzougang mellen d’Kilometer, déi se gefuer sinn hirem Teamkapitän, deen sech da stellvertriedend fir si am Internet ugëtt. Op d’Éierlechkeet vun de Participante gëtt vertraut!

Interesséiert? Méi Informatiounen a Umeldungen op www.tourduduerf.lu!