Ruffbus Syrdall


Säit dem 1. Mäerz ass de Ruffbus vun der Gemeng Nidderaanwen, de Charly, mat dem Syri-Express vun der Gemeng Schëtter zum gemeinsame Ruffbus Syrdall fusionéiert. Dës Fusioun erméiglecht eng effizienter Notzung vun de béide Bussen, déi an hirem neien Design dat ganzt Gebitt vun den 2 Gemenge befuere wäert. Niewent den zwou Gemenge ginn och puer Statiounen an den Nopeschgemenge Betzder, Contern a Sandweiler ugefuer. De Ruffbus fiert méindes bis donneschtes vun 8:00 bis 22:00 Auer a freides a samschdes vun 8:00 bis 1:00 Auer.

Duerch déi effizient Notzung vun den zwee Busse kann de Ruffbus Syrdall och de Rehazenter an d’ Spidol Robert Schuman um Kierchbierg ufueren. Doduerch huet d’ Gemeng Nidderaanwen erëm eng direkt Busverbindung mat dem Spidol an dem Rehazenter, déi no der Upassung vum RGTR-Plang ewech gefale waren.

De Ruffbus Syrdall ass fir d’ Bierger vun der Gemeng Nidderaanwen a Schëtter gratis. Dir kënnt är Fuert fréistens 7 Deeg am Viraus a bis spéitstens 30 Minutte virum Depart reservéieren. Rufft einfach ënner dem Telefonsnummer 28 108 -39 un.

Kaart Ruffbus   Flyer Ruffbus   Flyer Ruffbus Syrdall

Call a Bus (fréiere Rollibus) Ruff Bus fir Leit am Rollstull

An Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg offréiert d’Gemeng Nidderaanwen de « Call a bus » Service fir all Leit déi am Rollstull sëtzen. Bis zu 3 Begleeder kënnen och dobäi sinn.

Dësen Bus circuléiert nëmmen um Territoire vun der Gemeng Nidderaanwen, Bartreng, Hesper, Stad Lëtzebuerg, Stroossen a Walfer. Weider Renseignementer kritt Dir um 4796-4797.

De Service fir d'Leit am Rollstull a d'Begleeder ass gratis a funktionéiert vu Méindes bis Sonndes tëscht 7 Auer Moies a Mëtternuecht.

Dëse Service geet vun virun der Dir vun der Ofhuel Plaz bis bei d’Dir vun der Destinatioun. De Chauffer hëlleft dem Client beim Eran- an Erausklammen a fixéiert och de Rollstull mat Gurten.

Fir de Bus ze ruffen, musst Dir wéinstens 45 min virum Start um 4796-4797 uruffen, an déi genau gewënschten Ofhuelzäit esou ewéi d’Destinatioun matdeelen. Dir kënnt fréistens 3 Wochen an Viraus reservéieren.

Call a bus