Parking résidentiel

Säit dem 1. Januar 2021 ass an engem groussen Deel vun der Gemeng Niederanven Stationnement résidentielle. Dësen deelt sech an déi 2 Secteuren Sennengerbierg SB an Niederanven-Senneng NI‑SE op. Niewent der Erweiderung vum Stationnement résidentielle gëtt Parkdauer op den Parkinger

  • Ieweschten Deel beim “Stade J. Becker”
  • Parking “Ofstellgleis”
  • Parking Place G.-D. Charlotte (géigeniwwer vun der Kierch)

begrenzt.

Des Weideren ginn 10 Parkplazen um Parking “Waassertuerm” um Sennengerbierg fir den “Park & Bike” aménagéiert.

Weider Informatiounen fannt dir an den Informatiounsbroschüren.

Brochure d'information parking résidentiel (FR)

Brochure d'information parking résidentiel (DE)

Formulairen fir d’ Ufroen vun den Vignetten (permanente, provisoire, visiteur) fannt dir hei drënner.

www.niederanven.lu/lu/formulairen