Gemengeliewen
2026-03-10 23:00:00+00:00

Biergerworkshop iwwer eng 30er-Zon an der Rue Andethana zu Hueschtert an Ueweraanwen

11.03.2026

Biergerinfoowend-RueAndethana
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Mëttwoch den 11 Mäerz 2026 vun 18:30 - 20:30
Plaz:
Centre polyvalent A Schommesch
- 18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven

Fir de Verkéier an der Rue Andethana nohalteg ze berouegen, huet d’Gemeng Nidderaanwen eng Etüd an Optrag ginn, mam Zil d’Vitess tëschent der Rue de la Source zu Hueschtert an der Rue du Coin zu Ueweraanwen op 30 km/h ze limitéieren, verkéiersberouegend Mesuren en Place ze setzen an d’Parksituatioun ze verbesseren. Ier mat der Planung vum Projet ugefaange gëtt, luet Iech de Schäfferot, zesumme mam Bureau d’études Schroeder & Assocités, op e Biergerworkshop an, fir zesummen Iddien a Léisunge fir de Projet auszeschaffen.

Umeldung bis den 8. Mäerz 2026 iwwert eisen Online-Formulaire.