Gemengeliewen
2026-03-04 00:00:00+01:00
Aweiung vun der Rue Mie Rodenbour zu Nidderaanwen
04.03.2026
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit:
Mëttwoch
den 04
Mäerz
2026
vun 15:00 - 17:30
De Schäfferot vun der Gemeng Nidderaanwen huet déi grouss Freed, lech op d'Aweiung vun der Strooss ,,Mie Rodenbour” zu Nidderaanwen ze invitéieren, de Mëttwoch, 4. Mäerz 2026 an der neier Noperschaft mat de Sozial- a Seniorewunnengen, ubannend un d’Rue Laach.
Rendez-vous ass um 15 Auer bei der Gemeng, fir zesumme mam Bus an d’Rue Mie Rodenbour ze fueren. D’Aweiung fënnt um 15.30 Auer statt, ier et da fir e Patt mam Bus zréck an de Centre polyvalent ,,A Schommesch’’ geet.
Umeldung bis den 27. Februar 2026 per Mail via events@niederanven.lu.