Nidderaanwener Adventsfënsteren 2025
30.11.2025
Nodeems eis éischt Editioun vun den „Nidderaanwener Adventsfënsteren“ groussen Uklang fonnt huet, invitéiert de „Syndicat d’Initiative“ vun der Gemeng Nidderaanwen och dest Joer all Awunner, bei den „Nidderaanwener Adventsfënsteren“ matzemaachen.
Vum 30. November bis den 21. Dezember 2025 gëtt all Owend eng festlech dekoréiert Fënster an eisen Dierfer beliicht.
Jiddwer Awunner kann tëschent 18 an 19 Auer di flott Fënster kucke kommen an zesum-me mat deenen anere Visiteuren e gemittleche Moment bei engem „Glühwäin“ oder enger Taass Téi erliewen.
De „Syndicat d’Initiative“ wäert di éischt Fënster beliichten. Duerno sidd Dir gefrot: Mir sichen 21 weider Participanten, déi eng Fënster dekoréieren a weise wëllen. Gär kënnt dir Är Matbierger och virum Haus op e klenge Patt invitéieren.
Wann Dir bei eiser Initiative matmaachen an eng Fënster dekoréiere wëllt, mellt Iech iwwer info@sicn.lu oder schreift Iech direkt iwwert de QR-Code op der Plattform nuudel mat Ärem Wonschdatum an.
De Kalenner mat den Adresse vun de beliichte Fënsteren gëtt op eisem Internetsite www.sicn.lu an an de Sozialen Netzwierker verëffentlecht.
Maacht mat a bréngt an der Chrëschtzäit Liicht an eis Gemeng!