Gemengeliewen
2025-10-05 22:00:00+00:00

Hierschtmaart

06.10.2025

Hierschtmaart25
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Méindeg den 06 Oktober 2025 vun 15:00 - 19:00
Plaz:
Maartplaz

Maacht et ewéi fréier a kommt op de Maart!  De Méinden, 6. Oktober, invitéiere mir Iech op eng ganz besonnesch Editioun vun eisem Maart, nämlech den Hierschtmaart.

Kommt vu 15 bis 19 Auer Är Akeef an enger flotter Ambiance maache mat:

  • lokalen a regionale Stänn
  • live Musek
  • Éierewäin offréiert vun der Gemeng Nidderaanwen
  • Hierschtkaddoen

Hei d'Händler a Stänn, déi um Hierschmaart present wäerte sinn: 

  • Äddi a Merci
  • Beim Burg
  • Bicherfrënn asbl
  • CIGR
  • D'Humeur Végétale
  • Equisolidaire
  • Éveil Santé 
  • Geramo Giovanni: Äppeljus an Nëss
  • Haff Produiten
  • Jugendhaus Niederanven
  • Mme Wilairat mat hire Springrolls
  • Moritz Egger
  • Parvaneh & Söhne
  • Pilz- a Geméismann
  • Speedoux Gourmand
  • Thea Lortye: Eeër a Gromperen
  • Woolinspires
Dokumenter fir Erofzelueden