Gemengeliewen
2025-09-13 22:00:00+00:00

Rentréesfest – am Kader vum Benevolat

14.09.2025

Rentréesfest Agenda (2)
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Sonndeg den 14 September 2025 vun 11:00 - 14:00
Plaz:
Gemeng Nidderaanwen
- 18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven

Du wëlls dech benevole engagéieren? Komm laanscht a entdeck vill Méiglechkeeten – lokal an national – fir dech fir eng gutt Saach anzesetzen!

Dëst Joer organiséiert d’Gemeng Nidderaanwen fir déi éischte Kéier d'Rentréesfest, bei deem sech eng ganz Partie Associatiounen an Infrastrukture presentéieren a konkret no Benevolle sichen.

Du kanns gutt organiséieren? Du deels deng Zäit gäre mat eelere Mënschen oder du heekels gären? Da maach dëst dach fir ee gudden Zweck an engagéier dech benevole!

Verpass net dës eemoleg Geleeënheet, de Sonndeg, 14. September 2025 tëscht 11 a 14 Auer bei der Gemeng, fir dech iwwert d’Méiglechkeeten ze informéieren, mat de Veräiner an Infrastrukturen a Kontakt ze kommen a vläicht och genee déi Benevole-Tâche ze fannen, déi dir zouseet!

Ënnerstëtz d’Veräiner an d’Infrastrukture mat denger Zäit an dengem Asaz, well ouni dech geet et net. Ganz nom Motto: WE NIED YOU!

Follgend Associatiounen / Infrastrukture sichen no denger Ënnerstëtzung:

  • Agence du Bénévolat
  • A.T.D. Quart Monde
  • Ale Pompjees Schapp Senneng
  • Amitié «Am Sand» Amizero
  • Association des parents d'élèves de Niederanven
  • BBC Gréngewald Hueschtert
  • Beienhaus
  • Chorale «Ste Cécile» Hueschtert
  • CIS Niederanven-Schuttrange
  • CIPA Gréngewald Niederanven
  • Ensemble Vocal Jubilate Musica
  • Fanfare "La Réunion" Hueschtert
  • FC US Hueschtert
  • Fondation Wonschstär
  • Fotoclub Nidderaanwen
  • Frëndeskreess Kamerun
  • Karate Club Niederanven
  • Lëtzebuerger Bicherfrënn
  • Lëtzebuerger Scouten - Gemeng Nidderaanwen
  • Mateneen fir Kanner
  • MEC ASBL, Super Senior
  • Mitos asbl
  • Movin'
  • Privaten Déiereschutz
  • Sozialhëllef Iewescht Syr
  • Syndicat d'Initiative de la Commune de Niederanven
Dokumenter fir Erofzelueden