Konscht & Kultur
2025-08-15 22:00:00+00:00

Summerfreed - Rhythmic Soulwave

16.08.2025

Titel Summerfreed 610x343px
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Samschdeg den 16 August 2025 vun 18:00 - 23:00
Plaz:
Parc de l'Europe
- Rue d'Ernster L-6977 Oberanven

Den neie Kulturfestival ,,Summerfreed'' am Parc de l’Europe zu Ueweraanwen (18, rue d’Ernster L-6977 Oberanven).

Entdeckt op dräi Weekender dräi verschidde Museksrichtungen op eisem Open Air Festival am Park hannert der Gemeng!

Programm:

  • Vun 18 Auer u mat relaxer Lounge Musek an enger flotter Ambiance, Beach Chairs, engem Foodtruck (“Joselet”) a Gedrénks vun der Amicale Charly.
  • Um 20:30 Auer start dann de Concert vun der Band Rhythmic Soulwave (L), déi an hirer Musek Funk, Soul a moderne Pop matenee verbënnt.

Nom Concert kënnt dir nach gemittlech eppes drénken.

Den Entrée ass gratis.

Dokumenter fir Erofzelueden