Jugend
2025-08-09 22:00:00+00:00

Summerfreed - Read&Draw (Kreativatelier fir Kanner)

10.08.2025

ReadDraw Site
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Sonndeg den 10 August 2025 vun 15:00 - 18:00
Plaz:
Parc de l'Europe
- Rue d'Ernster L-6977 Oberanven

Read&Draw – E kreativen Atelier fir Kanner am Parc de l’Europe, organiséiert vum KulturTeam vun der Gemeng Nidderaanwen.

Den 10. August fënnt een Atelier fir Kanner statt am Parc de l’Europe (18, rue d’Ernster L-6977 Oberanven).

Dëst ass ee gratis Lies- a Molatelier, bei deem Kanner aus de verschiddenen Altersgruppe kënnen deelhuelen. Erzielt gëtt déi flott Geschicht vum Maus Kätti, déi d’Kanner dann am Uschloss moleresch op Pabeier brénge kënnen. Dat grousst Konschtwierk, dat hei entsteet, wäert eng flott Plaz an der Gemeng kréien. Et geet awer kee mat eidelen Hänn heem! All Kand kann eng Maus op ee Pin molen, deen um Enn dierf mat Heem geholl ginn.

Kommt laanscht, maacht mat a gitt kreativ!

Programm:

15 Auer

  • Grupp 7-9 Joer
  • Liesung: 20 Minutten
  • Molatelier

15:40 Auer

  • Grupp 3-6 Joer
  • Liesung: 15 Minutten
  • Molatelier

16:15 Auer

  • Grupp 10-12 Joer
  • Liesung: 20 Minutten
  • Molatelier

Schluss vum leschte Workshop: 17:30 Auer

D’ Elteren hafte fir hir Kanner.