Konscht & Kultur
2025-07-05 22:00:00+00:00

Concert: Let's change the rules

06.07.2025

505788917_1143523987808325_706002230743664178_n
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Sonndeg den 06 Juli 2025

Um 18 Auer am Luga Lab Pfaffenthal am Odendahl-Park: Eenzegaartege Concert "Let's change the rules" mat engem ephemère Chouer vun 300 Sängerinnen a Sänger aus dem ganze Land, zesummegestallt vu Jubilate Musica.
Dëse Concert ass Deel vum internationale Projet “Choirs for Ecocide Law”, eng skandinavesch Beweegung, déi sech dofir asetzt, datt déi massiv Zerstéierung vun der Ëmwelt (Ökozid) als internationale Verbriechen unerkannt gëtt.

De Museksprogramm mam Titel “Let’s Change the Rules” enthält 15 nei Lidder am Stil vu Pop, Jazz a Rap, déi speziell vu Komponistinnen a Komponisten aus verschiddene Kulture komponéiert goufen.

 

Dokumenter fir Erofzelueden