Gemengeliewen
2025-06-25 22:00:00+00:00

Sproochecafé - BBQ Edition

26.06.2025

Sproochecafé-BBQ Edition
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Donneschdeg den 26 Juni 2025 vun 19:00 - 21:00
Plaz:
Centre polyvalent A Schommesch
- 18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven

Moien, hola, bonjour!

D'Kommissioun fir interkulturellt Zesummeliewen invitéiert op hire läschte Sproochecafé virun der Summervakanz, kombinéiert mat engem Barbecue!

Donneschdes, de 26. Juni um 19 Auer am Centre polyvalent „A Schommesch“

Maacht mat bei den informelle Gespréichsdëscher a verschiddene Sproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Spuenesch, Portugisesch, …), mellt Iech un, entweder als Participant oder Benevole a gitt w.e.g. per Mail Bescheed wann Dir Vegetarier/Veganer sidd (zesummeliewen@niederanven.lu).
Soubal Dir Iech ugemellt hutt, kritt Dir all Mount eng Invitatioun a kënnt Iech dann all Kéier fir den nächste Sproochecafé un- oder ofmellen.

Méi Infos fannt Dir op eiser Säit iwwert de Sproochecafé!

Dokumenter fir Erofzelueden