Konscht & Kultur
2025-06-11 22:00:00+00:00
Wee bass du? Een Audio-Foto Projet vum Jessica Theis
12.06.2025

Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit:
Donneschdeg
den 12
Juni
2025
vun 18:00 - 19:30
Plaz:
Centre polyvalent A Schommesch
- 18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven
Centre polyvalent A Schommesch
- 18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven
Mir presentéieren dem Jessica Theis säin Audio-Fotoprojet. "Wee bass du ?" gëtt de Leit mat Handicap eng Stemm. Oft ginn dës Leit mat Virurteeler konfrontéiert an deem setzt dësen authentesche Projet eppes entgéint.
25 ënnerschiddlech Leit si fotograféiert ginn an e Gespréich ass mat opgeholl ginn. "Wee bass du ?" war ëmmer déi éischt Fro déi gestallt ginn ass.
Uschléissend un d’Presentatioun gëtt eng Table ronde ëm Thema Inklusioun organiséiert.
Programm:
• 18h00 Start a Mot d’Intro
• 18h10 Filmprojektioun (35 Minutten)
• 18h45 Table ronde zum Thema Inklusioun (+/- 30 Minutten)
• Ofschloss mat Éierewäin an Häppercher
Simultan Iwwersetzung op Franséisch an Englesch.