Gemengeliewen
2025-04-21 22:00:00+00:00

Informatiounsowend iwwert d'Agence Immobilière Sociale

22.04.2025

Infoowend-AIS
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Dënschdeg den 22 Abrëll 2025 vun 19:00 - 21:00

D’Gemeng Jonglënster invitéiert, an Zesummenaarbecht mat de Gemengen Betzder, Nidderaanwen an der Agence Immobilière Sociale, op en Informatiounsowend fir all Proprietär, deen interesséiert ass, seng Immobilie am Kader vun der sozialer Locatiounsverwaltuung ze verlounen.

  • 22. Abrëll 2025
  • 19.00 Auer
  • Centre culturel ,,Am Duerf'', Jonglënster

D’AIS ass eng national Actrice am Beräich vun der sozialer Wunnengsvermëttlung a bitt eng ganz Rei vu konkrete Virdeeler fir Proprietären, déi bereet sinn, hire Wunnraum engem sozialen Zweck zur Verfügung ze stellen. Hei sinn d'Virdeeler, vun deenen Dir profitéiere kënnt:

  • Garantie vum Loyer, och bei temporärem Leerstand
  • Ënnerhalt & Renovatioun – Är Immobilie bleift an engem gudden Zoustand
  • Flexibilitéit, well d’Proprietéit beim Besëtzer bleift
  • Professionell Gestioun an Encadrement vun de Locatairen
  • Steierlech Avantagen mat enge Noolooss vu bis zu 90 % op d’Locatiounsrevenuen

Kommt laanscht an informéiert Iech!