Gemengeliewen
2024-06-22 22:00:00+00:00

Nationalfeierdag

23.06.2024

23.06.24_Nationalfeierdag24
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Sonndeg den 23 Juni 2024 vun 10:00 - 17:00
Plaz:
Gemeng Nidderaanwen
- 18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven

Huelt un de Feierlechkeeten op Nationalfeierdag, de Sonnden 23. Juni 2024 ab 10h00 deel!

Programm vun de Feierlechkeeten:

  • 10h25: Blummennéierleeung beim ,,Monument aux mort'' zu Ueweraanwen a ,,Sonnerie aux morts''
  • 10h45: Te Deum zu Hueschtert an der Porkierch
  • 11h30: Am Cortège bis bei d'Gemeng zu Ueweraanwen
  • 12h00: Treffe vun de Leit bei der Gemeng, Usprooch vum Buergermeeschter Fréd Ternes & Nationalhymn
  • 12h30: Gegrillsbuffet mat enger Auswiel u verschiddenen Zaloten, respektiv Penne mat rouder Zooss oder Pesto (mat oder ouni Parmesan)
  • 12h30-14h00: Concert-Apéro vun der ,,Moselle Valley Brass Band''
  • 14h30-17h00: Animatioun fir Kanner
  • 17h00: Schluss vun der Feier

Busnavette:

  • 10h15: Gemeng - Ueweraanwen ,,Monument aux morts''
  • 10h30: Ueweraanwen ,,Monument aux morts'' - Hueschtert Kierch
  • 10h40: Gemeng - Hueschtert Kierch
  • No der Blummennéierleeung: Busnavette bei d'Gemeng an d'Kierch
  • Nom Te Deum: Busnavette bei d'Gemeng
Téléchargements