Ëmwelt
2024-06-15 22:00:00+00:00

Wëllkraider-Erliefnes

16.06.2024

Foto-Kraiderwanderung
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Sonndeg den 16 Juni 2024 vun 09:00 - 15:00
Plaz:
Scouts-Chalet
- 33, Breedewues L-1259 Senningerberg

Entdeckt d’Diversitéit vun den Naturaromaen an der Gemeng Nidderaanwen! D’NaturTeam, mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Nidderaanwen, invitéiert op hiert Wëllkraider-Erliefnes, de Sonnden, 16. Juni 2024, vun 9h00 bis 15h00.

Daucht an déi wonnerbar Welt vun der Natur an an entdeckt d’Diversitéit vun den Aromaen, déi eis heemesch Kraider ze bidden hunn. Nom Sammele vun de Planze ginn eng Rei Leckereien hiergestallt a wärend engem gudde Mëttegiesse genoss - eng kulinaresch Rees, déi net nëmmen d’Sënner usprécht, mee och Är Kiche beräichere wäert!

Hei d'Detailer:

  • Depart um Sennengerbierg beim Scoutschalet
  • den Tour ass ronn 4 km
  • denkt wgl. u passend Kleedung, Gedrénks an e klenge Snack fir ënnerwee (opgepasst: d'Umeldunge sinn ofgeschloss)
  • ab 8 Joer, max. 16 Persoune kënnen deelhuelen
  • d'Aktivitéit gëtt op Lëtzebuergesch ofgehalen a geleet vun enger Wëllkraiderpedagogin vun der Natur.Beweegung.Entwécklung s.à r.l.-s.
Téléchargements