KlimaPakt

Haut op vun 08h00 -14h00 (ouni Ënnerbriechung)

KlimaPakt-Header
LOGO_PC_Certification_Ecocirc_75 %

Wat ass de KlimaPakt?

Mat der Ënnerschrëft vum Kontrakt fir de Klimapakt 1.0 am Joer 2013, setzt sech d’Gemeng Nidderaanwen säit lo bal 10 Joer fir de Kampf géint de Klimawandel an. Fir dëst Engagement nohalteg weider ze entwéckelen ass d’Gemeng den 21.4.2021 dem nationale Klimapakt 2.0 bäigetrueden a soumat ass d’Zesummenaarbecht tëschent de Gemengen an dem Lëtzebuerger Staat iwwer weider 10 Joer (2021-2030) verlängert ginn.

Mat dëser Verlängerung bestätegt d’Gemeng hir Zilsetzung an de Beräicher vum nohaltege Schutz vun den natierleche Ressourcen, virun Allem am Beräich Energie a Matière Première, Buedem, Waasser, Loft, Klima, Biodiversitéit, Natur a Kulturlandschaft, souwéi déi am integréierten nationalen Energie- a Klimaplang vu Lëtzebuerg fir den Zäitraum 2021-2030 “PNEC” analyséierten Ziler ze erreechen a wa méiglech ze iwwertreffen.

Am Géigenzuch ënnerstëtzt de Staat dofir d’Gemenge finanziell an technesch bei den Ëmsetzungsprozessen. Soumat erméiglecht de Klimapakt 2.0 eng staatlech Fërderung vum klimapolitesche Bestriewe vun der Gemeng den Ausstouss vun den Zäregase bzw. dem Energieverbrauch ze reduzéieren. Dëst allerdéngs am Zesummeklang mat der Stimuléierung vum Aarbechtsmaart, Investitiounen a Wirtschaftsaktivitéiten.

Fir den Erfolleg vun der lokaler Klimastrategie ze bestätegen ass d’Planung an d’Ëmsetzung vun dëse Moossnamen eminent wichteg.

Als éischt soll sech d’Gemeng – Schrëtt fir Schrëtt – Ziler fir hiert zukünftegt klimapolitescht Handele setzen. Dës solle konform zu den nationale Klimaschutzvirgabe sinn an zudeem sou vill wéi méiglech klimarelevant Themen ofdecken. Fir dëst ze garantéieren, orientéiert sech d’Gemeng virun Allem an deene vum Klimapakt definéierte Mesuren, déi den EEA (European Energy Award) als Grondlag huelen.

Dëse gesäit fir, dass am Ufank vun den Aarbechten ee “kommunal Leitbild Klimaschutz” opgestallt gëtt, wat quantitativ a qualitativ Ziler fir d’klimapolitesch Aarbechten definéiert. Dës sollten op dem EEA‑Mesurekatalog baséieren, deen insgesamt 74 Critèren aus sechs Themefelder ,,Entwécklungsplangung a Raumuerdnung”, ,,kommunal Gebaier an Anlagen”, ,,Versuergung an Entsuergung”, ,,Mobilitéit”, ,,intern Organisatioun” a ,,Kommunikatioun a Kooperatioun” besetzt. Unhand vun der Beaarbechtung vum EEA-Katalog ginn déi geleeschten Aarbechte vun der Gemeng iwwerpréift an an engem Audit bewäert. Och zukünfteg Moossname sollen sech op de Katalog bezéien.

Gemeng Nidderanwen ass säit dem Audit vom 12. Mee 2023 Gold certifiéiert an huet 80.2% vun der Maximalpunktzuel erreecht. Des Weideren ass d'Gemeng mat der thematescher Zertifizéierung ,,Kreeslafwirtschaft'' ausgezeechent ginn.

Dat aktuellt Klimateam setzt sech aus folgende Persounen zesummen:

  • 1 Member vum Gemengerot: Josselijn de Vries
  • 9 intresséiert Bierger: Pitt Beicht, Chiara Casoni, Guy Clausse, Christa Karis, Christophe Loeillet, Paul Polfer, Michel Schaus, Guy Uhres & Christian Wagner
  • 1 Vertrieder vum Commerce: Christian Kaempff
  • 1 Gemengebeamten: Kevin Becker
  • 1 Beroder: Yves Moecher den d'Ekipp animéiert

2023:

Hei fannt Dir e puer Aktivitéiten, déi d'Gemeng 2023 am Kader vum KlimaPakt ëmgesat huet:

  • KlimaPakt-Gold a Circular Economy Zertifizéierung
  • Fäerdegstellung a Beschloss vum Klima-Upassungs- an Digitaliséierungskonzept, souwéi de Klimaleitbild-Aktiounsplang
  • Erhéijung vun der Gemengesubventioun fir d'Installatioun vu rationneller Energienotzung vun 30% op 50%
  • Planung vun der Sanéierung vum Stade Jos Becker (PAC, PV, Reewaassernotzung, Hitzerückgewinnung an den Duschen...)
  • Ausbau vun der Tennishal um Sennengerbierg (mat PV, Nahwärmenetz iwwer Holzhackschnëtzel, Reewaassernotzung)
  • Analyse a Kommunikatioun vun de Resultater vun der Energie-Kampagne 2022-2023
  • Ofschloss an Aweiung vun der Cogeneratiounsanlag ,,Am Sand'' (Wärmenetz Pellets, Holzverkleedung, Gréngdaach)
  • Organisatioun - Infoversammlung Enercoop Syrdall iwwert de PV Projet CIPA Nidderaanwen
  • Aféierung vun enger Gréngschnëtt-Collecte vun Dier zu Dier, dëst op Commande
  • Aweiung vum éischte Guttland.Trail an der Gemeng, dem Guttland.Trail Aarnescht
  • Aféierung vun 3 FLEX Carsharing-Statiounen
  • Bestellung vun engem Quartiersanéierungskonzept
  • Circular Economy Bildungsprogramm an der Schoul iwwert de Musée du Déchet

2022:

Am Joer 2022 huet Gemeng Nidderaanwen méi wéi 70 Aktivitéiten am Sënn vum Klimapakt gestart bzw. ëmgesat.

Zu dësen Aktivitéiten ziele beispillsweis:

  • Start vum Ruffbus Syrdall zesumme mat der Gemeng Schëtter.
  • Aféierung vun der ëmweltfrëndleche Charta fir Veräiner.
  • Erstellung vun der Broschür fir d’ ekologesch Subsiden.
  • Organisatioun vum 1. Repair Café den 18.6.2022 am Centre polyvalente « A Schommesch » mat 18 Reparaturen.
  • Aktiounen zur Fuerderung vum Krunnewaasser :
    • Verdeelung vu gratis Waasserfläsche fir d’ Schoulkanner a Personal.
    • Installatioun vun 10 Waasserfontänen a kommunale Gebaier.
  • Workshoppen zum Leitbild „Klimapakt“, dem Klimaupassungs- an dem Mobilitéitskonzept.
  • Délibératioun vum Ressourcenkonzept, den Energiespuermesuren an den Haaptlinne fir 2030 vum Klimapakt.

2021:

Am Joer 2021 huet Gemeng Nidderaanwen méi wéi 60 Aktivitéiten am Sënn vum Klimapakt gestart bzw. ëmgesat.
Zu dësen Aktivitéiten ziele beispillsweis:

  • Neit Energiekonzept 2020 zur kommunalen Energieplanung.
  • Opstellung vun engem Renovatiounskonzept fir d’ gemenge Gebaier
  • Installatioun vun enger PV-Anlag um Scouts Chalet zesumme mat der Enercoop Syrdall
  • Planung vun engem Repair Café zesumme mat de SIAS Gemengen.
  • Ausbau vun de Moossname fir Verkéiersberouegung an der Gemeng (Zone 30, Berliner Kissen)
  • Ausbau vun eise Vëlosweeër a Richtung Schëtter, Betzder a “Am Sand”
  • Installatioun vun 2 Vél’OH!-Statiounen a Planung vu weidere Statiounen
  • Aktiounen zur Sensibiliséierung wärend der Mobilitéitswoch a der Woch vum Bam.”

2020:

Am Joer 2020 huet Gemeng Nidderanwen ronn 60 Aktivitéiten am Sënn vum Klimapakt gestart bzw. ëmgesat.
Zu dësen Aktivitéiten zielen beispillsweis:

  • Aféierung vum neien Taxenreglement am Kader vun enger “Null Offall”-Politik
  • Imlpementéierung vun engem Energiemanagementsystem zur Kontroll vum Energieverbrauch an den gemengen Gebaier.
  • Wiessel vun verschiddenen Luuchten (Stroossebeliichtung, Schoul) op LED
  • Installatioun vun Waasserspenderen an den Sportshalen.
  • Weider Elektrifizéierung vun der gemengen Autoflott.
  • Astellung vun engem Chargé de l’environnement et de l’énergie, souwéi Gestaltung vun engem Service de développement durable.
  • Planzaktioun vun 12 Birebeem fir den Jorgang 2019 am Kader vum Dag vum Bam 2020

2019:

Folgend Aktivitéiten goufen 2019 op Gemenge Niveau oder an Zesummenaarbecht mat anere SIAS Gemengen op d’Been gestallt:

  • Re-Zertifizéierungs Audit 50%
  • Quelleschutz Spezialist op SIAS Niveau ausgeschriwwen
  • Dat neit Offall Reglement gouf regional beschloss
  • Studie fir eng gemeinsam Notzung vun de Gebaier am Kader vum Ressourcen Zentrum
  • „Nohaltegkeet mécht Schoul“ Programm duerchgezunn
  • Den Dach gouf der Energie Kooperativ Enercoop Syrdall zur Verfügung gestallt
  • Park Management Konzept
  • D’Leit déi fir d’Gemeng schaffen kruten den M-Pass fir extra gutt Konditiounenzur Verfügung gestallt
  • Weiderféierung vu punktuelle Verbesserungen vun der Verkéiers Sécherheet (Foussgänger Iwwergäng asw.)
  • Nei Verkéiers Weeër:
    • Verbindung Mënsbech-Nidderaanwen (d’Aarbechten misste normalerweis 2020 ufänken)
    • Uschloss vum PC2 mam Terrain vum Gemengenhaus
  • Projet Pedibus gestartet
  • Akaf vun engem weideren Elektro Auto

2018 :

  • Erstellung vun engem Reenwaasserkonzept
  • Superdreckskëscht-Zertifizéierung fir d'Schoulen
  • Quelleschutz (Informatiounsveranstaltung a Workshop mat Biergerbedeelegung)
  • Ersatz fir de P. Schumacher: verantwortlech fir de Klimapakt
  • Offallsteieren als Ëmsetzung vum Offallkonzept soll 2018 beschloss ginn
  • Verschidden Ëmbaute gi geplangt: Loysi, Sporthalle, CIPA
  • Parkraummanagementkonzept
  • De Charly-Minibus gëtt ab März elektresch bedriwwen
  • Regional ass e neit Konzept fir de Recyclingcenter geplangt
  • Baukontroll iwwert en Expertenbüro gëtt iwwerpréift
  • Bilanz- und Indikatorensystem gëtt am Klimateam iwwerschafft
  • Ausbau vum Vel‘oh –Netz aus der Stadt Lëtzebuerg op de Gemengeterritoire
  • Bau vun engem Waasserbehälter an engem Gebai fir de Stroossendéngscht
  • Plangen vun enger Kläranlag
  • Neue Verkéierweeër: 
    • Verbindung Munsbach – Niederanven (SUP 2017 faerdeggestellt)
    • Uschluss PC2 – Gemengenhaus
  • Machbarkeitsstudie Velosweeër bei der N1
  • Weiderféirung vun de punktuelle Verbesserungen vun der Verkéierssécherheet (Foussgängerweeër, asw.) 
  • Filmrei zur Sensibiliséierung

2017 : 

  • Neit Konzept fir d'Offallwiertschaft (Verschaffen & Steieren)
  • Verbessert Kommunikatioun durch Sozialmedien
  • Beihëllef am Aklang mat de neie Foussgänger- (Rëtsch) an Velosweeër (Verbindung tëschent Nidderaanwen & Mënsbësch) 
  • Sanéierung vum ëffentleche Schoulgebai "am Sand"
  • Présentatioun & Kommunikatioun "Energiekonzept"
  • Migratioun Enercoach vun Excel op Gescom Plattform
  • Fortsetzen vun der Ëmstellung vun der Stroossebeliichtung op LED-Technik
  • Finanziell Primm M-Pass für d'Beamten vun der Gemeng
  • Konzept Straßenmiwwléirung
  • Kommunikatiounskonzept

D'Gemeng Nidderaanwen gouf am Oktober 2015 auditéiert an huet am Ofschloss e Niveau vun 58%.
Am Februar 2017 konnte mer eng Stéigerung vun 6,9% op en Zwëschestand vun 64,9% errechen.

Zu deene vum Ëmweltministère a vum Energieminstère am PNEC „Le Plan national intégré en matière d’énergie et de climat“ fir 2030 festgeluechten Ziler, zielen:

  • Reduzéierung vun den Zäregasen ëm -55% par Rapport zu 2005
  • Steigerung vun den erneierbaren Energië vun 11% op 25%
  • Steigerung vun der Energieeffizienz vu 40% bis 44%

Mir als Gemeng setzen eis Ziler an Ofstëmmung mat dëse Virschrëften a maachen eis Bescht fir alles ze erreechen an am beschte Fall ze iwwertreffen.

De gesamten nationalen Energie- an Klimaschutzplang fannt dir hei.

Zousätzlech zum nationale Plang, hunn mir zousätzlecher Konzepter fir d’Entwécklung bis 2030 ausgeschafft:

European Energy Award