Repair Café

Haut op vun 08h00 -14h00 (ouni Ënnerbriechung)

foto-repaircafé-header

Wat ass ee Repair Café?

Logo Repair Café

REPAIR: Repair Café ass een Treffen, bei deene Participanten zesumme mat aneren hir kapott Géigestänn reparéieren: kleng elektresch Apparater, Gezei, Vëloen, Spillgeschir, kleng Miwwel a villes méi... alles wat kapott ass, ass Wëllkomm an huet eng Chance op een zweet Liewe verdéngt.

D’Reparéiere spuert net nëmme Geld, mee och wäertvoll Ressourcen an huet een Afloss op d’Reduktioun vun de CO2-Emissiounen.

CAFÉ: En Repair Café ass och eng Plaz, wou een sech begéint an austausche kann. Kommt eng Taass Kaffi drénken an ënnerhaalt Iech mat anere Bierger aus der Regioun: tauscht Tipps aus, initiéiert nei Projeten an hutt eng schéin Zäit zesummen.

OP DER SICH: Kenns du dech aus mat Elektrotechnik, Holzaarbecht, Mechanik, Schneiderei, asw. a kanns reparéieren? Komm an ënnerstëtz eis? Repair Café brauch dech, well en funktionéiert nëmme mat Fräiwëlleger wéi dech!

Fannt de Formulaire fir sech anzeschreiwen op der Internetsäit www.repaircafe.lu!