Gemeinschaftsgaart

Den Terrain vum “Gemeinschaftsgaart” befënnt sech an engem Naturschutzgebitt a grenzt un d’ Beienhaus vun der Gemeng. De Gemeinschaftsgaart gëtt vun der ASBL Aanwen’s Gaart gefouert. D’ Grënnung vun der ASBL Aanwen’s Gaart am Joer 2017 berout op de Grondsätz vun der Permakultur, der biologescher Landwirtschaft, der Gesellegkeet an dem Austausch vun Erfuerungen tëschent de Memberen.

Den Terrain vun dem “Gemeinschaftsgaart” gëtt vun der Gemeng Nidderaanwen zur Verfügung gestallt. Des Weideren ënnerstëtzt d’ Gemeng d’ ASBL bei den Ariichtungen a logisteschen Aspekter.

D’ Aweiung vum Aanwen’s Gaart huet de 5. Juni 2019 ënner Presenz vum Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider statt fonnt.