Energieberodung
Klima Agence
Am Kader vum Klima Pakt schafft d ‘Gemeng Niederanven staark mat Klima Agence zesummen. Do kritt Dir vill Rotschléi iwwer alles wat de Verbrauch vun Energie ugeet.
D’ Klima Agence bitt en Informatiouns an Conseil Service iwwer Themen ronderëm d’Energie, nohaltegt Wunnen a Mobilitéit. Et ass eng Partnerschaft tëscht der Gemeng an Klima Agence, déi national Struktur fir d’Promotioun vum Iwwergang op e nohaltegen Energieverbrauch.
Dëse Service huet als Zil Iech iwwer folgend Themen ze informéieren, ze sensibiliséieren a konkret ze beroden:
- Nohalteg Renovatioun a Saachen Energie
- Erneierbar Energien
- Nohalteg Mobilitéit
- Energiespueren am Alldag
- Energie-Pass an Zertifikat
- Verschidden Subsiden aus dem Beräich Energie
Är perséinlëch Energie Analyse op Rendez-vous
Eng Basis Energieberodung kënnt Dir bei Iech doheem kréien. Mir schwätzen Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch. De ganze Service ass gratis, d’Käschten gi vun der Gemeng a Klima Agence iwwerholl.
Huelt nach haut Rendez-vous!