Offallentsuergung
Header-fänkvirun (1)

Eis Gemeng setzt sech dofir an, esou wéineg ewéi méiglech Offall ze produzéieren an ze hannerloossen. Op dëser Säit fannt Dir all wichteg Informatiounen iwwert den Tri vum Offall.

Formulaire fir d'Bestellung, d'Ersetzen, d'Reparatioun oder de Retour vun enger Poubelle

Mir wëllen och informéieren, dass Dir gratis Kompost am Gréngschnëttzenter um Sennengerbierg ofhuelen kënnt.

2021 hunn d’Gemenge Conter, Nidderaanwen, Sandweiler a Schëtter zesumme mam Ëmwelt- an Naturschutzsyndikat SIAS d’Null-Offall-Strategie agefouert. Zënter der Aféierung vun dësem neie System fir d’Sammlung an d’Tarifikatioun vum Offall hunn eis Gemengen e wichtege Schrëtt a Richtung enger méi nohalteger Offallgestioun gemaach.

Dank Ären Efforte sinn d’Resultater siichtbar:

  • manner Reschtoffall pro Awunner
  • staark Progressioun vum selektiven Tri an dem Kompostéieren
  • de Prinzip vum “pollueur- payeur” funktionéiert: d’Stéit, déi hire Reschtoffall reduzéieren, spuere Suen a schützen d’Ëmwelt

Dës Fortschrëtter weisen, datt mir op engem gudde Wee sinn hin zu enger propperer Ëmwelt an enger besserer Valorisatioun vun de Ressourcen. Fir op dësem Wee weiderzemaachen an de gesetzleche Fuerderunge gerecht ze ginn, sinn d’Tariffer am Joer 2026 ugepasst ginn, dëst mam neien Offalltaxereglement.

Fir verwäertbar Géigestänn, déi net an d’Poubelle gehéieren, gëtt et de Recyclingszenter zu Mënsbech, dee fir Gemengen Nidderaanwen, Schëtter, Sandweiler an Conter zur Verfügung steet.

D'Ëffnungszäite vum Recyclingzenter sinn:

  • méindes: zou
  • dënschdes – donneschdes: op vun 13h00 bis 18h30 (per Telefon scho vun 10h00 un erreechbar)
  • freides: op vun 09h30 bis 18h30
  • samschdes: op vun 09h30 bis 17h00

Adress:
Um Landtrausch
L-5365 Munsbach
Tél: 34 72 80 Fax: 34 72 81
Internet : www.rc-munsbach.lu
Mail: info@ccn.lu

Recycling Munsbach

Nëmme fir Fläschen a Behälter aus Glas oder ale Pabeier.
Dir sidd gebieden, déi verschidde Consignen dëst betreffend an d’Asammel Deeg an deene verschiddenen Uertschaften ze respektéieren.

Kollekt op Ufro beim Nummer 800 2 94 94

Delai fir d’ Umellung ass de Samschde virum Rendez-vous.

Tax pro Ofhuelen 20,00€

Valorisatioun Tax

  • pro Frigo oder Tifküler 0.-€
  • pro Fernsee oder PC 0.-€

Wäsch-, Kach-, Spullmaschinnen oder Trockner ginn och gratis valoriséiert. Just d’Ofhueltax gëtt verrechent.

D'Kollekt ass ëmmer den 1. Mëttwoch am Mount ab 8h00 moies.

Ofhuelen op Ufro iwwer d'gratis Telefonsnummer 800 2 94 94

Umellung : Méindes bis freides vun 13h00 bis 17h00, jeeweils bis spéitstens de Freide virun der Kollekt

Tax pro Ofhuelen bis zu 1 m3: 10 €

Zousätzlech 5 € fir all weidere m3. Woubäi déi Maximalgrenz bei 5 m3 läit.

D’Kollekt ass ëmmer den 2. Dënschden am Mount.

All Collecte vu Reschtoffall ënner 5 kg gëtt zum Tarif vu 5 kg verrechent, well déi technesch Viriichtungen et net erlaben, nach méi kleng Quantitéiten ze erfaassen.

Zanter dem 1. Januar 2026 gëtt déi gro Poubelle nëmme méi all zwou Wochen eidel gemaach!

Bei Besoin kënnt Dir nieft Är gro Poubelle Offallsäck stellen. Sou Tute kritt Dir op der Gemeng fir 15€ d'Stéck.

Respektéiert w.e.g. d’Consignë vum MINETT Kompost. Beim Net-Respektéieren gëtt déi gréng Dreckskëscht net eidel gemaach.

D’Kollekte sinn :

  • vun Abrëll bis November : 1 x d’Woch
  • vun Dezember bis Mäerz : all 2 Wochen

Gras nom Méie muss separat vu Blieder, Gräser, Hecken an Äscht gehale ginn. Et ass verbuede Saachen, déi an déi gro Dreckskëscht (normalen Haushalt Offall) gehéieren, dodran ze geheien.

Öffnungszäite vum Gréngschnëttzenter um Sennengerbierg:

  • vum 1. November bis 31. Mäerz: dënschdes – samschdes: 9h00-17h00
  • vum 1. Abrëll bis 31. Oktober: dënschdes – freides: 9h00-17h00 | samschdes: 10h00-18h00

D’SuperDrecksKëscht® fir Biirger sammelt gratis am ganze Land gëfteg Substanze bei de Privatleit an.

Esou hutt dir d'Méiglechkeet, déi geféierlech Substanzen vun deenen aneren ze trennen an se sécher a getrennt ofzeginn.

Verschidde Sammelsystemer bidde fir all Zort vun Offall eng Léisung am Sënn vum Ëmweltschutz un.

D’Valorlux-Tute sinn nëmme fir Gedrénks Kartongen, Plastik Fläschen, PE-HD Flaconen, Aluminium a Stolbehälter (Infotelefon: 34 72 80).

Déi blo Tute fir d'Kollekt kritt Dir bei eis op der Gemeng.