Berodend Kommissiounen

Haut zou

Foto-commissions-header

Hei drënner presentéiere mir Iech déi berodend Kommissioune vun der Gemeng Nidderaanwen, mat enger klenger Beschreiwung vun hire Missiounen.

CommissionSociale-header

D'Sozialkommissioun ass eng Kommissioun déi vum Schäfferot gegrënnt ginn ass, fir ënnert anerem mat Avisen a Propositiounen d'Chancëgläichheet ze favoriséieren an d’Biergerbedeelegung fir all Generatiounen ze erméiglechen, mat Accent op d’Jugend, d’Seniore souwéi déi benodeelegt Persounen an de Beräicher Gesondheet, Sport a Kultur.

Zousätzlech zu de Membere vun der Sozialkommissioun gehéiert jeeweils ee Member vum KulturTeam, SportTeam an DouzelageTeam, dee säin Team an der genannter Kommissioun vertrëtt.

President: 
Metty Cungs

Vertrieder vum Schäfferot:
Jacques Bauer

Sekretärinnen:
Roberta Dario
Lena Gries

Memberen:
José Luis Acedo-Castro, Valérie Dell'Angela, Laurent Dura, Nicoline Faber, Michael Feit, Caroline Hoffmann, Véronique Kieffer, Anita Lammar-Petry, Eric Lampach, Evelyne Lietz, David Mallinger, Sarah Mallinger.

CommissionDuTerritoire-header

La commission du logement, de l'aménagement du territoire et des bâtisses traite toutes les questions en relation avec les plans directeurs de l'aménagement du territoire, le plan d'aménagement général de la commune de Niederanven, le plan directeur de l'aménagement des espaces publics communaux, le plan communal de mobilité durable, les grands travaux d'infrastructures, le développement durable en général et notamment l'application systématique des principes de l'économie circulaire ainsi que toute autre question posée à la commission communale consultative par le collège des bourgmestre et échevins.

President: 
Alex Koob

Sekretären:
Cédric Bruch
Gil Mateus

Memberen:
Claude Bormann, Gina Muller-Rollinger, Patrick Reding, Jeff Reuter.

CommissionDeLEnvironnement-header

D'Ëmweltkommissioun beréit de Schäfferot bei Froen am Zesummenhang mam Ëmweltschutz, der Biodiversitéit an dem raisonabelen Ëmgang mat de Ressourcë bei Projete vu gréisser Envergure. Zousätzlech dozou gehéiert der Kommissioun jeeweils ee Member vum KlimaTeam an NaturTeam un, wat dozou verhëlleft, dass d’Projeten am Kader vum KlimaPakt an NaturPakt besser ëmgesat ginn. Am Kader vun, ënner anerem der europäescher Mobilitéitswoch, dem Dag vum Bam an de Fairtradewochen, setzt d’Ëmweltkommissioun konkret Aktiounen ëm fir d’Biergerinnen a Bierger vun der Gemeng Nidderaanwen ze sensibiliséieren.

President: 
Gregorio Mongorelli

Vertriederin vum Schäfferot:
Josselijn de Vries

Sekretären:
Kevin Becker
José Cavalheiro Pereira

Memberen:
Josep Bonet, Manuel Brandt, Birgid Felke Leitner, Uli Fielitz, Sandy Fournelle, Georges Frank, Nathalie Heinen, Marc Schlammes, René Schockmel, Anne Schumacher, Fernando Tirado Mateu, Marion van Alphen.

CommissionDesFinances-header

D'Finanzkommissioun aviséiert déi finanziell Uleiessen, déi hir vum Schäffen- oder Gemengerot ënnerbreet ginn. Déi weesentlech Aufgabe vun der Kommissioun si follgend: Stellungnam op de järleche Gemengebudget, op de laangfristege Finanzéierungsplang (plan pluriannuel financier, PPF), op d'Gemengereglementer an d'Subside fir déi lokal Associatiounen.

Presidentin: 
Martine Dupong-Kremer

Vertriederin vum Schäfferot:
Josselijn de Vries

Sekretären:
Marilène Lopes Morais
Ted Schleimer

Memberen:
Victoria Delvaux, Johannes Felke, Nancy Janssen, Laurent Kalmus, Stefanie Land, Dagmara Maziukiewicz, Marthe Scharfe, Marc Vanolst, Marc Wagener, Pitt Wangen, Marc Weirig, Raymond Weydert.

CommissionDuVivreEnsembleInterculturel-header

D'Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen huet sech als Zil gesat, d'Zesummeliewen an der Gemeng ze fërderen a géint all Form vun Diskriminéierung, Rassismus a Virurteeler virzegoen. D'Kommissioun organiséiert kulturell Projeten, déi d'Zesummeliewe verbesseren an d'Sproochkenntnesser verdéiwe sollen. Ze erwäne sinn hei de Sunday Brunch, d'Spillnomëtteger an de Sproochecafé. 

Presidentin: 
Margaretha Inghelram-Maeyens

Vertriederin vum Schäfferot:
Josselijn de Vries

Sekretären:
Sébastien Habets
Joe Wians

Memberen:
Tigran Avanesov, Jean-Pierre Barthel, Philippe Bayer, Andreea Braan, Martina Furlan, Danièle Levy, Luk Hon Pan, Georges Paquet, Geeta Rajaraman, Pierre Welter, Rose Scharfe, Jil Steyer. 

CommissionScolaire-header

Geméiss Art. 50 vum ofgeännerte Gesetz vum 6. Februar 2009 iwwert d'Organisatioun vum Enseignement fondamental, huet d'Schoulkommissioun follgend Aufgaben:

  • d'Proposen iwwert d'Schoulorganisatioun an d'Plang fir de Schoulerfolleg ze koordinéieren an eng Stellungnam fir de Gemengerot ofzeginn
  • e Suivi vun der Ëmsetzung vun der Schoulorganisatioun an de Pläng fir de Schoulerfolleg ze maachen
  • déi ausserschoulesch Betreiungsmoosnamen ze fërderen, andeem si d'Informatioun, den Austausch an de Récksprooch mat an tëschent den Elteren, dem Schoulpersonal, de Servicer an den Ariichtungen, déi d'Betreiung vun de Kanner ausserhalb vun der regulärer Schoulzäit assuréieren, favoriséieren;
  • eng Stellungnam vun de Berichter vun der Agence pour le Développement de la qualité de l'enseignement dans les écoles erstellen an dem Buergermeeschter a Schäfferot alles berichten, wat si als nëtzlech oder schiedlech fir d'Interessie vum Enseignement fondamental consideréieren; 
  • eng Stellungnam zu de Budgetsvirschléi vun de Schoulen ofginn
  • beim Plangen, dem Bau oder dem Ëmbau vun de Schoulgebaier matwierken

President: 
Fréd Ternes

Regionalen Direkter:
Joa Baum

Schoulpresident:
Mike Schmit

Schoulkommittee:
Carole Krecké

Chargées de direction vun der Maison Relais :
Elisabeth Breger
Tania Nicolay

Elterevertriederinnen:
Margarethe Schieser
Vanessa van der Schilden-Meyer

Assistante sociale:
Marie-Paule Trierweiler

Sekretärin:
Michèle Lentz

Memberen:
Myriam Bück, Tun Geyer, Michel Theisen, Déborah Storn.

CommissionDeLaTransitionEnergétique-header

D'Kommissioun vun der Energietransitioun beréit de Schäfferot bei Froen am Zesummenhang mat dem Ausbau vun den erneierbaren Energien, der Steigerung vun der energeetescher Effizienz an der Reduktioun vun den Zäregasen, virum Allem dem CO2, am Secteur vun der Wäermt. D’Kommissioun schafft u Konzepter a Projete fir d’Klimaneutralitéit an der Gemeng Nidderaanwen a sämtleche Secteure beschtméiglechst virunzebréngen.

President: 
Marc Aguilar

Vertriederin vum Schäfferot:
Josselijn de Vries

Sekretären:
Kevin Becker
Cédric Bruch

Memberen:
Ute Blohm-Hieber, Robert Christophory, Christian Kaempff, Caroline Koch, Armin Koegel, Claude Martin, Régis Moes, Philippe Schmit, Patrick Schumacher, Kenneth Trickett, Guy Uhres. 

CommissionDesLoyers-header

D'Missioune vun der Loyerskommissioun sinn a de Bestëmmunge vum ofgeännerte Gesetz vum 21. September 2006 iwwert d'Baile vum Wunnraum an zur Ännerung vu verschiddene Bestëmmunge vum Code Civil festgeluecht.

Presidentin: 
Martine Dupong-Kremer

Stellvertriedende President:
Tom Gilliams

Assesseur-bailleur effectif:
Marguerite Krier

Assesseur-locataire effectif:
Rui Manuel Carneiro Gonçalves

Assesseur-bailleur suppléant:
Elisabeth Haas

Assesseur-locataire suppléant:
Margarethe von Merveldt

Sekretär:
Bob Scholtes