Stroossespären um Echangeur Sennengerbierg

08.02.2024

Am Kader vum Reamenagement vum Echangeur Sennengerbierg, kënnt et vum Méinden, 12. Februar, 6h00, bis de Méinden 19. Februar 2024, 6h00, zu verschiddene Stroossespären. 

Vum Méinden, 12. Februar, 6h00, bis den Donneschden, 15. Februar 2024, 10h00, kënnt et zu follgende Spären:

  • Sortie vum Echangeur Sennengerbierg a Richtung Tréier, nëmme bis Sennengerbierg;
  • N1 tëschent dem Flughafen a Richtung Sennengerbierg.
  • Den Trafic op der A1, respektiv op der N1 a Richtung Sennengerbierg gëtt ab dem Echangeur Sennengerbierg iwwert d'A1 a Richtung Tréier, den Echangeur Cargo-Center an den CR126 deviéiert.

Vum Donneschden, 15. Februar, 10h00, bis de Méinden, 19. Februar 2024, 6h00, kënnt et zu follgende Spären:

  • Sortie vum Echangeur Sennengerbierg a Richtung Tréier, nëmme bis Sennengerbierg;
  • Sortie vum Echangeur Sennengerbierg a Richtung Lëtzebuerg, nëmme bis bei de Flughafen;
  • N1 tëschent dem Flughafen a Sennengerbierg a béid Richtungen.
  • Den Trafic op der A1, respektiv op der N1 a Richtung Sennengerbierg gëtt ab dem Echangeur Sennengerbierg iwwert d'A1 a Richtung Tréier, den Echangeur Cargo-Center an den CR126 deviéiert.
  • Den Trafic op der A1, respektiv op der N1 a Richtung Flughafen gëtt ab dem Echangeur Sennengerbierg iwert d'A1 a Richtung Lëtzebuerg, d'Jonctioun Gréngewald, d'A7 a Richtung Friidhaff, den Echangeur Waldhaff, d'A7 a Richtung Lëtzebuerg, d'Jonctioun Gréngewald, d'A1 a Richtung Tréier an den Echangeur Sennengerbierg deviéiert.

Wat d'Ännerungen am Busverkéier ugeet, fannt Dir d'Avisen hei drënner:

045_2024_N1 Senningerberg - Findel sens unique.pdf

046_2024_N1 Senningerberg - Findel.pdf

Information VDL_Travaux N1_15-19022024.pdf

Fir Updates zu der Baustell, besicht de Site www.cita.lu!