Recetten
Foto-Reglements-Header

De Service Recette huet als Haaptaufgab de Suivi an d'Gestioun vun de Gemengekonten . Sie këmmeren sech em d'Akasséiere vu Clientsrechnungen an d'Bezuele vun alle kommunalen Ausgaben. D’Missioun vum Service souwéi d’Aufgaben an d’Responsabilitéite vun der Gemengereceveuse/ dem Gemengereceveur sinn am Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988 definéiert. 

Am Kader vum geännerte Gesetz vum 16.05.2019 iwwert d’elektronescht Ausstellen an Iwwermëttele vun ëffentlechen Opträg an Konzessiounsverträg, si Rechnungen an elektronescher Form iwwert Peppol oder via Myguichet.lu ze schécken.

TVA Identifikatiounsnummer: LU10357669
PEPPOL ID: 9938:lu10357669

Bei allgemenge Froen zu Rechnunge went Iech w.e.g. un den zoustännege Service ënnert facturation@niederanven.lu oder per Telefon um 34 11 34-1.
Wann Dir Froen hutt bezüglech de Paiementer vu Rechnungen, da went Iech w.e.g. u recette@niederanven.lu oder per Telefon um 34 11 34 – 90 oder 96.

D'Grondsteier gëtt vun der Steierverwaltung (Administration des Contributions Directes) definéiert an un d’Gemenge weidergeleet fir d’Rechnungen ze konfiguréieren. Bei Changementer, went Iech w.e.g. direkt un d’Steierverwaltung fir dës duerchzeginn.
De Proprietäre op den 1 Januar vum Joer kritt dat ganzt Joer verrechent.

D’Taxe fir Waasser, Kanal a Poubellë ginn trimesteriell verrechent.
Profitéiert dovu fir är Rechnunge mat Payconiq ze bezuelen. Dir braucht weder de Montant nach de Beneficiaire anzeginn: scannt ganz einfach de QR-Code fir är Rechnung ze bezuelen!

De Service fir Nohalteg Entwécklung ass zoustänneg fir all Changementer oder Bestellunge betreffend de Poubellen.


Bankkonte vun der Gemeng

Bank Kont BIC
ING Luxembourg IBAN LU61 0141 4449 2180 0000
CELLLUL
BGL BNP Paribas
IBAN LU25 0030 1586 5291 0000 BGLLLULL
Banque et Caisse de l'Epargne de l'Etat IBAN LU07 0019 1001 1996 4000 BCEELULL
Banque Internationale à Luxembourg IBAN LU78 0021 1351 4440 0000 BILLLULL
Banque Raiffeisen IBAN LU61 0090 0000 0229 7513 CCRALULL
CCP - Compte Chèque Postal IBAN LU21 1111 0069 6275 0000 CCPLLULL

Pascale Dahm

Préposée vum Service