Resultat vun eiser Ëmfro iwwert d'Stroossebeliichtung

01.02.2024

Tëschent dem 26. an dem 31. Januar 2024 hu mir Iech iwwert eis cityapp gefrot, ob Dir mat der neier Reegelung, dass d'Stroosseluuchten op den Haaptstroossen iwwer Nuecht net méi ausgemaach ginn, averstane sidd. Merci u jiddereen, deen un der Ëmfro deelgeholl hunn! Hei sinn d'Resultater:

  • 328 Persounen hunn un der Ëmfro deelgeholl
  • 73.78%, also 242 Persounen, hu mat ,,Jo'' geäntwert
  • 26.22%, also 86 Persounen, hu mat ,,Nee'' geäntwert

De genauen Detail vun der Ëmfro fannt Dir an eiser cityapp.