Receptioun mat den Entreprisë vun Nidderaanwen a Schëtter

31.01.2024

De Méinden, 29. Januar 2024, hunn d'Schäfferéit vun de Gemengen Nidderaanwen a Schëtter, a Präsenz vum Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, dem Här Serge Wilmes, an dem Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, dem Här Lex Delles déi éischte Kéier op d'Receptioun mat den Entreprisen aus deenen zwou Gemengen agelueden. Eng ronn 120 Leit, dorënner Geschäftsfraen a -männer vu 56 verschiddenen Entreprisen, hunn de Wee an de Loisi fonnt, fir sech ënnertee kennenzeléieren an auszetauschen. Am Fokus stoung d'Presentatioun vun der Klima-Agence iwwert d'Moossname fir d'Energietransitioun fir Betriber, ier den Owend mat engem flotten Networking mat de Geschäftsleit, de Membere vun de Schäffen- a Gemengereit vun Nidderaanwen a Schëtter, sou wéi mat de Ministeren ofgeschloss gouf.

 

D'Fotoe fannt Dir an eiser Galerie :

Réception entreprises 2024