Ännerung bei der ëffentlecher Beliichtung

04.01.2024

Heimat informéiere mir, dass an der Gemengerotssëtzung vum 29. November 2023 Ännerungen um Niveau vun der ëffentlecher Beliichtung decidéiert goufen:

  • d'Stroosseluuchte wäerten op den Haaptachsen (Nationalstroossen a Chemins reprisen) iwwer Nuecht net méi ausgemaach ginn
  • op deenen anere Stroosse wäerten d'Luuchten nees eng hallef Stonn éischter ugoen a si soumat vun 1h00 bis 4h30 ausgeschalt
  • an der Nuecht vum 31.12. op den 1.1. a vum 22.06. op den 23.06. gëtt déi ëffentlech Beliichtung net méi ausgeschalt