Mini-Entreprise ,,Rootie's'' um Nidderaanwener Maart

03.02.2024

Kennt Dir schonn d'Rootie's? Dat si Chipsen, déi aus Geméis hirgestallt ginn, dat wéinst ästhetesche Grënn net méi fir de Verkaf kann ugebuede ginn. D'Mini-Entreprise vu 7 Schüler aus dem Lycée Robert-Schuman wëll esou mat zur Bekämpfung vun der Liewensmëttelverschwendung bäidroen a sinn dofir och de Méinden vu 15h00 bis 19h00 zu Nidderaanwen um Maart fir op hire Projet opmierksam ze maachen. Kommt bis laanscht luussen a probéiert hiert Sortiment aus!

Nidderaanwener Maart