Éischt Sëtzung vum Aarbechtsgrupp IMPULS

09.02.2024

De Méinden, 5. Februar, huet déi éischt Sëtzung vum Aarbechtsgrupp ,,IMPULS'' A Schommesch stattfonnt. An Zesummenaarbecht mam Comité Olympique et Sportif (COSL), dem Sportsministère an dem INAPS, ass dëse Projet geduecht, fir d',,Fërderung vum lokale Sport an der kierperlecher Aktivitéit''. Wärend der éischter Sëtzung mat ë.a. engem éischte Workshop goufe vun den ageschriwwene Participanten déi éischt Iddie gesammelt. A fënnef weideren Aarbechtssëtzunge virum Summer gëtt Planungsphas ugedriwwen an ofgeschloss, souwéi d'Ëmsetzungsphas agelaut.