Internationalen Dag vum Fraesport

24.01.2024

Haut ass den internationalen Dag vum Fraesport!
Mir wëllen op dësen Dag opmierksam maachen, wëssend dass de Fraesport, virun Allem an de Medien, ëmmer nach manner Plaz fënnt ewéi de Männersport. Als Gemeng si mir houfreg, dass esou vill jonk Meedercher a Fraen an eise Sportsclibb aktiv sinn a sech fir de Sport begeeschteren.

Ënnert dem Slogan ,,All zesumme fir d'Gläichberechtegung vu Fraen a Männer am Sport'' fënnt haut déi éischt Editioun vum Internationalen Dag vum Fraesport zu Lëtzebuerg statt, déi ënner anerem vum Collectif ,,Égalité F/M dans le Sport'', zesumme mat verschiddene Gemengen, a mat der Ënnerstëtzung vum Conseil National des Femmes du Luxembourg, organiséiert gëtt. Méi Informatiounen heizou fannt Dir ënner www.egalitesport.lu.