Chantier um Échangeur Sennengerbierg

23.02.2024

Mir informéieren, dass et vum Samschden, 24. Februar, bis de Sonnden, 25. Februar 2024, zu Deviatiounen um Échangeur Sennengerbierg kënnt. Follgend Späre ginn en Place gesat:

  • Sortie Echangeur Sennengerbierg a Richtung Tréier
  • Accès Echangeur Sennengerbierg a Richtung Tréier

Den Trafic vun der Autobunn A1 gëtt iwwert den Échangeur Cargo-Center, respektiv iwwert den Échangeur Waldhaff ëmgeleet.