No knapp 2 Méint Aarbechtszäit ass deen neien Tapiis vum syntheeteschen Terrain de 4. Juli 2022 offiziell vun der FLF ofgeholl ginn.
Déi nei Morgue vum Kierfecht zu Hueschtert ass fäerdeg. Knapp 2 Joer nom Start vun de Bauaarbechte gouf se offiziell ageweit. Niewent der Morgue goufen zousäzlech Toilettë fir de Public gebaut.
E klenge Bléck op déi nei Spillplaz zu Hueschtert.
An de leschte Jore sinn e Groussdeel vun de Foussgängeriwwergäng, zur Erhéijung vun der Sécherheet, mat neie Luuchten ausgerëscht ginn. Des Weidere si Busarrête fir Persoune mat ageschränkter Beweegung gerecht gemaach ginn.
Den ekologesche Parking zu Iernster ass de Beweis, dass Parkraumschaaffung an Ëmwelt net ëmmer contraire zu enee musse stoen.