Wat ass den Naturpakt?


Zesumme mat 57 anere Gemengen huet d’Gemeng Nidderaanwen sech am Joer 2021 per Ënnerschrëft dem Staat verflicht eng Gemengepolitik am Sënn vun Natur an Ëmwelt ze maachen. Den NaturPakt gouf den 10.11.2021 offiziell vum Schäfferot ënnerschriwwen.

Mat dëser Ënnerschrëft bestätegt d’Gemeng hier Zilsetzung an de Beräicher vum nohaltege Schutz vun den natierleche Ressourcen, virun allem am Beräich vun der Natur am urbane Milieu, am Oppenland, am Bësch an a Gewässer, souwéi déi an dem integréierten nationalen Energie- a Klimaplang vu Lëtzebuerg fir den Zäitraum 2021-2030 “PNEC”, dem nationale Plang fir eng nohalteg Entwécklung, an déi an der Strategie an Aktiounsplang fir d’Upassung vum Klimawandel analyséierten Ziler ze erreechen a wann méiglech ze iwwertreffen.

Am Géigenzuch ënnerstëtzt de Staat dofir d’Gemenge finanziell an technesch bei den Ëmsetzungsprozessen. Soumat erméiglecht de Naturpakt eng staatlech Fërderung vum ëmweltpolitesche Bestriewe vun der Gemeng de Verloscht vun der Biodiversitéit ze reduzéieren.

Fir den Erfolleg vun der lokaler Ëmweltstrategie ze bestätegen ass d’ Planung an d’Ëmsetzung vun dëse Moossnamen eminent wichteg.

Als éischt soll sech d’ Gemeng – Schrëtt fir Schrëtt – Ziler fir hier zukünfteg ëmweltpolitesch Handele setzen. Dës solle konform zu den nationale Virgabe sinn an zudeem sou vill wéi méiglech naturrelevant Themen ofdecken. Fir dëst ze garantéieren, orientéiert sech d’ Gemeng virun allem an deene vum Naturpakt definéierte Mesuren.

Dës gesi fir, dass am Ufank vun den Aarbechten eng “kommunal Strategie Naturschutz” opgestallt gëtt, wat quantitativ a qualitativ Ziler fir d’ëmweltpolitesch Aarbechten definéiert. Dës sollten op dem Mesurëkatalog baséieren, deen insgesamt 77 Critèren aus sechs Themefelder “allgemengen Naturschutz”, “urbane Raum”, “Opeland”, “Bësch”, “Waasser” a “Kommunikatioun a Kooperatioun” besëtzt. Unhand vun der Beaarbechtung vum Katalog ginn déi geleeschten Aarbechte vun der Gemeng iwwerpréift an an engem Audit bewäert. Och zukünfteg Moossname sollen sech op de Katalog bezéien.