Konscht & Kultur

Hueschterter Kiermes

Publié le 19 April 2024
Agenda-Kiermes2024

Vum 9. bis 12. Mee fënnt nees eis Hueschterter Kiermes zu Ueweraanwen niewent dem Gemengenhaus statt. Kräizt Iech den Datum grouss am Kalenner un an huelt mat Ärer Famill a Frënn un dësem flotte Weekend an der Gemeng deel!

Programm:

Donneschden, den 9. Mee 2024 (12h00 - 22h00): 

  • 17h00: offiziell Ouverture
  • 17h30: Concert vun der Fanfare la Réunion Hueschtert
  • 19h00: Concert vun der Fun Brass Dixie Band

Freiden, den 10. Mee 2024 (17h00 - 22h00): 

  • 18h00: Afterwork mam MDoubleU

Samschden, den 11. Mee 2024 (12h00 - 22h00): 

  • Familljendag mat reduzéierte Präisser op d'Spiller
  • 15h00: Kinonomëtteg ,,A Schommesch'' organiséiert vun Niedz4Kidz (6-8 Joer)
  • 17h00: Kinonomëtteg ,,A Schommesch'' organiséiert vun Niedz4Kidz (9-12 Joer)
  • 17h00: Concert vu MayB2
  • 21h00: Public viewing vum Eurovision Song Contest

Sonnden, den 12. Mee 2024 (12h00 - 22h00):

  • 17h00: Concert vun De Spillmann