Quartier existant

Haut op vun 08h00 - 11h30 & 13h00 - 16h30

Photo_Plan

Wat ass de PAP?

,,De Plan d’aménagement particulier (PAP), och nach "Deelbebauungsplang", deckt en Deel vum Gemegenterritoire of, deen urbaniséiert ass oder et soll ginn, andeems de PAG, op deen e sech bezitt, ausgeschafft a präziséiert gëtt, woubäi de Benotzungsgrad vum Buedem, deen doran definéiert ass, respektéiert gëtt. En definéiert en Ensembel u reeglementaresche Virschrëften urbanistescher Natur, am Respekt vun den Ziler vum Artikel 2 vun der Loi modifiée du 19 juillet 2004 concernant l'aménagement communal et le développement urbain (Nohaltegkeet, harmonesch Entwécklung vun de Quartieren, Liewensqualitéit vun den Awunner, asw.).

Et ënnerscheed een tëscht zwou Zorte vu PAPen, dem PAP "nouveau quartier" (PAP NQ) an dem PAP "quartier existant" (PAP QE).

  • De PAP NQ deckt eng Zon of, déi soll urbaniséiert ginn, proposéiert e konkreten Urbanisatiounsprojet an definéiert d’Form vum ëffentleche Raum, d’Lousen, déi ze bebaue sinn, souwéi d’zukënfteg Bauten. E muss e schrëftlechen an e grafeschen Deel hunn, genee wéi e Rapport justificatif;
  • De PAP QE deckt sengersäits eng Zon of, déi komplett viabiliséiert ass, an definéiert d’Integratiounsreegele vu Bauten no de Charakteristike vun deem, wat scho gebaut ass. E muss op Initiativ vun der Gemeng ausgeschafft ginn, parallell zum PAG ugeholl ginn an e schrëftlechen Deel hunn.'' (maint.gouvernement.lu)

Geschriwwenen Deel - ,,Quartier existant''

De P.A.P. ,,Quartier existant'' (hei PAP-QE genannt) fixéiert déi festgesetzten urbanistesch Virschrëften a garantéiert eng perfekt Integratioun vun de Konstruktiounen an Amenagementer an déi städtesch Zonen. Fir d’Gemeng Nidderaanwen ass de PAP-QE op Basis vun engem generellen ,,Quartier'' opgestallt ginn, wouvun verschidde Quartieren duerchaus « Sousquartieren » kënnen hunn.

Grapheschen Deel - ,,Quartier existant''

De grapheschen Deel vum P.A.P. ,,Quartier existant'' vun der Gemeng Nidderaanwen besteet aus de Pläng vun den Uertschafte Sennengerbierg, Senneng, Hueschtert, Ueweraanwen, Rammeldang an Iernster. Dës Pläng weisen och den Deel vum Flughafen an dem Deel Waldhaff.

PAPs déi weiderhin a Kraaft sinn