P.A.G. & P.A.P. & Autorisations à construire
Lëscht vun den accordéierten Baugenehmegungen
Lëscht vun den accordéierten Baugenehmegungen - Mise à jour 30.05.2023
P.A.G. - Geschriwwenen Deel
De P.A.G. vun der Gemeng Niederanven ass conform zum Gesetz vum 19. Juli 2004 (aménagement communal) an dem geännerte Gesetz vum 28. Juli 2011 betreffend den Développement urbain ausgeschafft ginn. Dee geschriwwenen an grafëschen Deel vum PAG sin gemäss dem Gesetz vum 28. Juli 2011, wou et em de P.A.G. geet opgestallt ginn.
P.A.G. - Grapheschen Deel
De grapheschen Deel vum P.A.G. Niederanven besteet aus folgende Pläng vun den Uertschaften Niederanven, Senningerberg, Senningen, Hostert, Oberanven, Rameldange an Ernster.Dës Pläng weisen och den Deel vum Flughafen an dem Deel Waldhaff.
P.A.G. - Grapheschen Deel (Gesamtplang)
Deeler vum P.A.G. :
- Plan n° 1 et n° 1 Bis - Localités d'Ernster et Waldhaff
- Plan n° 2 - Localités de Rameldange, Hostert et Oberanven
- Plan n° 3 - Localités de Hostert, Senningerberg et de Senningen
- Plan n° 4 - Localités de Senningen et Niederanven
- Plan n° 5 - Localités de Senningen et Senningerberg
P.A.P. - Geschriwwenen Deel
De P.A.P. « Quartier existant » (hei PAP-QE genannt) fixéiert déi festgesetzten urbanistesch Virschrëften a garantéiert eng perfekt Integratioun vun de Konstruktiounen an Aménagementer an déi städtesch Zonen.
Fir d’Gemeng Niederanven ass de PAP-QE op Basis vun engem generellen « Quartier » opgestallt ginn, wouvun verschidde Quartieren duerchaus « Sousquartieren » kënnen hunn.
P.A.P. - Grapheschen Deel
De grapheschen Deel vum PAP-QE vun der Gemeng Niederanven besteet aus de Pläng vun den Uertschaften Senningerberg, Senningen, Hostert, Oberanven, Rameldange an Ernster. Dës Pläng Dës Pläng weisen och den Deel vum Flughafen an dem Deel Waldhaff.
P.A.P. - Grapeschen Deel (Gesamtplang)
Deeler vum P.A.P. :
- Plan n° 1 et n° 1 Bis - Localités d'Ernster et Waldhaff
- Plan n° 2 - Localités de Rameldange, Hostert et Oberanven
- Plan n° 3 - Localités de Hostert, Senningerberg et de Senningen
- Plan n° 4 - Localités de Senningen et Niederanven
- Plan n° 5 - Localités de Senningen et Senningerberg
Gemengereglement iwwer d ‘Baulechkeeten, ëffentlech Stroossen a Siten
D’ Gemengereglement iwwer d ‘Baulechkeeten, ëffentlech Stroossen a Siten vun der Gemeng Niederanven ass den 11. November 2016 vum Gemengerot ugeholl ginn. Dëst Reglement viséiert Stabilitéit, Sécherheet, Propretéit, Nohaltegkeet a Commoditéit vun de Konstruktiounen an Aménagementer op ëffentlechem a privatem Terrain.
Règlement communal des bâtisses, voies publiques et sites
P.A.P. - Lëscht « Nouveau Quartier »
De Geoportail
De neie nationale Geoportail vum Grand-Duché ass e Guichet cartographique, den sech nom grousse Public orientéiert an iech folgend praktesch Avantagen ubidd :
- E Bild wat iwwer de ganzen Écran geet oder wou dir d ‘Gréisst vun der Kaart selwer bestëmme kënnt
- Méi e schnellt Lueden duerch eng nei Technologie
- Eng besser Organisatioun vun de Kategorien no Themen an net no Donnéeën
- Eng Strukturéierung vum Inhalt no de Normen vun der INSPIRE EU Direktive
- Eng intuitiv Manipulatioun ähnlech ewéi beim Google
- Einfacht Handhaben duerch d ‘Transparenz vun deene verschiddene Couchen vun Donnéeën
- Verschidden Hannergrond Couchen déi Orthofotoen mat topographesche Kaarten kombinéieren duerch eng upassbar Transparenz
- Eng schnell méiglech Recherche vu Gemengen, Uertschaften, Adressen a Parzelle Nummeren an engem eenzegen
Wann dir op folgend Linken dréckt, da kënnt dir d ‘Sich Instruktiounen fir de P.A.G. an fir d ‘Navigatioun op de Kaarten eroflueden.
Instructions de recherche Instructions de navigation