Pistes cyclables

Vëloswee rue du coin – “Maison Relais”

Fir den Wee an Schoul fir d’ Kanner méi sécher ze maachen, ass Mëtt 2021 den gemeinsamen Vëlos- an Foussgängerwee vun enger Breet vun 2,5 m vun der rue du coin bis bei d’ Maison Relais installéiert ginn. Fir sécher Iwwerquéieren vun der Baach, sinn 2 flott Garde-corps aus Holz gebaut ginn.

Vëloswee Nidderaanwen – Schëtter

Fir eng Verbindung tëschent den Gemengen Nidderaanwen an Schëtter ze garantéieren ass 2021 den gemeinsamen Vëlos- an Foussgängerwee tëschent Nidderaanwen an Mënsbech installéiert ginn. Dësen Wee ass knapp 1,2 km laang an verleeft zum Deel iwwer en neien chemin mixte, bzw. iwwer déi al Strooss. Den Wee verleeft sécher ënnert der enker Autobunnsbréck.

Vëloswee Nidderaanwen – Betzder

Fir eng Verbindung tëschent den Gemengen Nidderaanwen an Betzder ze garantéieren ass am Fréijoer 2021 den gemeinsamen Vëlos- an Foussgängerwee tëschent Nidderaanwen an Rued Syr installéiert ginn. Dësen Wee ass knapp 1,9 km laang an verleeft zum Deel iwwer en neien chemin mixte, bzw. iwwer déi al Strooss laanscht d’ Fligermonument.