Flashmob ‘Grouss Botz’ in Niederanven
28.03.2021
E Sonndeg den 28. Mäerz 2021 huet déi lokal Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Nidderaanwen déi jäerlech "Fräijoersbotz" organiséiert. Dëst Joer war nei dass all Bierger aus der Gemeng den Offall do sammele konnten wou si wollten an en duerno Sonndes tëscht 11.00 an 13.00 an engem speziellen Dréck "Drive-in" ofginn konnten. D ‘Ëmweltkommissioun huet sech duerno dann ëm d ‘Sortéieren vum gesammelten Offall gekëmmert. Vill Bierger, Associatiounen a Jugend Verbänn (Jugendhaus, Scouten, asw.) hunn un dëser Campagne deelgeholl an domat hir Gemeng vun all Zorte vun Offall befreit.