SIAS & Enercoop Syrdall

Biologesch Statioun - Naturzenter SIAS (www.sias.lu)

Et ass déi biologësch Statioun-Naturzenter SIAS, déi fir déi verschidden Aufgaben am Beräich Natur-a Landschaftsschutz zoustänneg ass.

Zënter 1989 këmmert den interkomunale Syndikat SIAS (Niederanven, Schëtter, Sandweiler, Konter a Weiler-la-Tour) sech em d’Ëmsetze vu Projeten, déi aus dem Domän Natur-an Ëmweltschutz kommen. Am Joer 2000 huet de Naturzenter SIAS d’Koordinatioun vun deene verschiddenen Aufgaben am Naturschutz iwwerholl an 2003, op Initiative vum Ëmwelt Ministère, ass dunn décidéiert ginn, dass de Naturschutz um komunale Niveau vun der biologëscher Statioun géng en charge geholl ginn..

Nieft der Koordinatioun an der Realisatioun vun de verschiddene Aarbechten ewéi Uplanzungen an Entretien, ass déi biologësch Statioun och eng Ulafstell fir Hëllef bei all Froen oder Problemer, déi den Ëmwelt- oder de Naturschutz uginn.

Am Praktëschen heescht dat z.B. d’Uplanzen oder d’Schneide vun Uebstbeem, Hecken, einheimësche Sträicher, Eenzelbeem an Kappweeden. D’Weieren gin ekologësch ugeluecht a valoriséiert. Programmer fir de Schutz an den Entretien vun der Natur an de Landschaften ginn entworf an ausgebaut, Kontrakter fir méi Biodiversitéit ginn mat de Baueren ausgehandelt, déi dann fir eng méi grouss Artevielfalt suergen an gefährdet Déieren schützen (ewéi z.B. de Steekauz an d’Fliedermeis). Enner aanerem steet awer och d’Sensibiliséierung vun der Populatioun fir d’Natur um Programm.


Am Mäerz 2019 hu 16 Grënnungsmember, Awunner aus de Gemengen Niederanven, Contern, Sandweiler a Schëtter, de Grondsteen fir eng interkommunal Energiegenossenschaft „EnerCoop Syrdall“ geluecht.

D’Ziler vun der Genossenschaft sinn ënner anerem :

  • Ëmsetzung und Entwécklung vu Projeten zur Hirstellung, Kaf, a Verdeelung bzw Verkaf vun erneierbaren Energien;
  • Förderen vun engem rationellen und verantwortungsvollen Ëmgang mat Energie an der Ëffentlechkeet an
  • Förderen a Bäitrag zur Energiewende a Bekämpfung vun der Energieaarmut.

Die 4 éischt konkret Projeten am Beräich vun der Photovoltaik sinn a enger Zesummenaarbecht mat de Leeder vun deene 4 Gemengen an de Joren 2019 an 2020 vun deenen 138 Kooperationspartner duerchgefouert an finanzéiert ginn. An eiser Gemeng ass de 9. Dezember 2019 den Uschloss vun der Photovoltaikanlag um Dach vun der Schoul „am Sand“ un d‘CREOS-Netz ofgeschloss ginn. Effektiv handelt et sech hei ëm Anlagen mat enger kombinéierter Leeschtung vu méi ewéi 250 kW.

Weider Projete kommen a folgenden Joren no.

Adresse :

EnerCoop Syrdall

c/o Administration communale de Sandweiler

18, rue Principale

L-5240 Sandweiler

Président : Monsieur Paul Polfer

Secrétaire : Monsieur François Kirps

Contact: enercoopsyrdall@pt.lu

Enercoop Syrdall Statuts