Administrativ Démarchen
Matt Hëllef vum Guichet public hutt Dir d’Méiglegkeet fir Erklärungen zu allen administrativen Démarchen ze fannen.
-
Fiskalitéit
Ob Résident oder Frontalier, de Steierzueler huet ëmmer e puer Verpflichtungen vis-à-vis vu verschiddenen Administratiounen.
-
Emploi
Alles wat mat der Aarbecht ze dinn huet (Kontrakter, Congé, Autorisatiounen, Steieren, etc.) gëtt vun enger Serie vu legalen Dispositiounen zu Lëtzebuerg encadréiert.
-
Famill
Hochzäit, Paxen, Gebuert, Adoptioun, Scheedung, Trennung, Doud : bei all deenen verschiddenen Liewenssituatiounen musse en bei verschiddenen Instanzen präzis Démarchen ënnerhuelen.
-
Bildung
Dës Rubrik weist Iech den Educatioun System zu Lëtzebuerg. Vum Primär iwwer Sekundär, bis Uni an Formation continue ass alles dobäi.
-
Citoyennetéit
Rechter a Pflichten vun all Bierger zu Lëtzebuerg, vun der Immigratioun an Zougang zu der Nationalitéit, bis zu de Walen. Dës Rubrik informéiert Iech och iwwer déi verschidden zivil a politesch Prozeduren
-
Transport
Démarchen déi mat deene verschiddenen Transport Méiglegkeeten zu Lëtzebuerg ze dinn hunn : Führerschäin, Transport Kaarten, Immatrikulatioun an Importatioun vun engem Auto, etc.
-
Logement
Dësen Deel vum Portail informéiert Iech iwwer déi verschidden Démarchen a finanziell Hëllefen wat d’Wunnen ugeet : lounen, kafen, bauen oder renovéieren.
-
Gesondheet / Sozial
De System vun der Sécurité sociale zu Lëtzebuerg ( Krankekeess Taiffer bei der Maternité, Accident, Pensioun oder sozial Hëllefen) ass esou opgebaut fir de Bierger a ganz präzisen Situatiounen ze schützen, z.B wann hien net méi oder just nach wéineg schaffe kann an hien dann verschidde Chargen net méi bezuele kann an en esou an en Zoustand vun Ofhängegkeet geréit.
Eenzel administrativ Démarchen mussen dofir allerdéngs gemaach ginn, fir kënnen vun deeër Protectioun ze profitéieren, an dobäi hängt et och dovun of op d’Persoun Résident zu Lëtzebuerg ass oder net.
-
Fräizäit
Den Zougang zum Tourismus, dem Veräinsliewen oder de Sportscluben mécht sech oft nëmmen iwwer de Wee vu verschiddenen administrativen Démarchen. D’Fräizäit Offer leeft meeschtens iwwer d’Internetsäiten. Déi praktesch Conseilen fir a Sécherheet ze « surfen » fannt Dir och an dëser Rubrik.
-
Immigratioun
Déi Leit, déi sech am Grand-Duché wëlle nidderloossen, egal fir ewéi laang, mussen verschidden administrativ Schrëtter ënnerhuelen.